
Géint 9 Auer krut d'Police en Accident am Rondpoint Raemerech zu Esch gemellt. De Chauffer vun engem däischtergroe Mercedes C220 ass do iwwert eng Verkéiersinsel gerannt, huet e puer Schëlter mat ewech gerappt a koum an der Mëtt vum Rondpoint un d'Halen.
Wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, war awer weder e Chauffer, nach méiglech Passagéier ze fannen. An deem Kader ginn elo Zeie gesicht, déi Informatiounen zum Accident oder implizéierte Persounen hunn. Melle kann ee sech um Escher Policebüro um 4997-5500 oder um 113.
