Ënner Alkoholafloss gefuerChauffer iwwerhëlt a Kéier a kollidéiert mat anerem Auto

RTL Lëtzebuerg
Um CR149 tëscht Eleng a Bus koum et e Sonndeg zu engem Accident, bei deem zwou Persoune blesséiert goufen.

Eng Persoun hat an enger Rietskéier e Bus iwwerholl a krut dobäi e Gefier aus dem Géigeverkéier ze paken. Béid Autoen an de Bus goufe bei der Kollisioun beschiedegt. 2 Persoune goufe liicht blesséiert an hu missen an d’Spidol bruecht ginn. Wéi sech erausgestallt huet, hat den Automobilist Alkohol consomméiert. Den Test ass positiv ausgefall. Hie war de Permis op der Plaz lass.

E weidere Fürerschäi gouf e Méindeg de Mëtteg agezunn. Hei war eng Persoun zu Lampech am Zickzack ënnerwee. Well den Héchstwäert un Alkohol däitlech iwwerschratt gouf, gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO