HeischtergronnChauffer iwwerschléit sech mat sengem Gefier

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg koum et am Nomëtteg am Norde vum Land zu engem méi spektakulären Accident.
© Domingos Oliveira / RTL

Géint 15.15 Auer huet sech op der N15 tëscht dem Heischtergronn an der Kräizung mat der N12 fir op Eschduerf e Chauffer mat sengem Auto iwwerschloen. D’Gefier ass um Daach leie bliwwen.

Wéi d’Rettungsekippen op d’Plaz komm sinn, war de Chauffer net méi do. Wéi et vun der Police heescht, hunn d’Beamten den Automobilist kuerz drop awer an der Géigend vum Accident fonnt.

Wisou et zum Accident komm ass a wisou de Chauffer net op der Plaz vum Accident bliwwen ass, soll elo eng Enquête klären.

© Domingos Oliveira / RTL

De CGDIS mellt dann nach een Accident um CR160 tëscht Diddeleng a Suuftgen. Hei waren 3 Autoen an eng Kollisioun verwéckelt. Dräi Persoune goufe blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO