
Kuerz drop, kruten d’Poliziste vun hiren däitsche Kolleegen d’Informatioun, dass d’Gefier sech kuerz virdru bei enger Verkéierskontroll zu Iechternacherbréck duerch d’Bascht gemaach hat. D’Beamten hunn dem Chauffer vum Gefier doropshi signaliséiert, dass hie soll stoe bleiwen.
Op der Héicht vum Grenziwwergang op der Bollenduerfer Bréck koum et schliisslech beim Versuch, d’Gefier ze stoppen, zu enger Kollisioun tëscht dësem an dem Policeauto. Blesséiert gouf dobäi keen. De Chauffer vum Gefier a säi Bäifuerer sinn duerno zou Fouss fortgelaf. D’Beamte konnte si bei enger Sich, déi direkt an d’Weeër geleet gouf, net méi fannen.
Éischten Erkenntnisser no kéint d’Gefier, an deem déi zwee ënnerwee waren, geklaut gewiescht sinn. Dëst gouf op Uerder vum Parquet saiséiert an et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.