Alkohol am SpillChauffer stellt Auto matten op der Sortie vu Parking of a geet akafen

RTL Lëtzebuerg
Freidegowend géint 18 Auer gouf d'Police alertéiert, well een Auto an d'Sortie vum Parking vun engem Supermarché zu Esch gestallt gi war.
© Pixabay / StockSnap

De Sécherheetsbeamten vum Supermarché un der Porte de France, deen d’Police alertéiert hat, huet der Police matgedeelt, datt de Chauffer säin Auto mat lafendem Moto do ofgestallt hat, an dunn akafe gaangen ass. Wou de Chauffer zeréckkoum a sech nees hannert d’Steierrad gesat huet, huet de Sécherheetsbeamte gemierkt, datt hien ze déif an d’Glas gekuckt hat. D’Policebeamte konnten de Mann wéineg méi spéit a sengem Auto fannen an hu festgestallt, datt hien tatsächlech staark alkoholiséiert war. Een Alkoholtest huet dëst confirméiert an hie misst säi Fürerschäin ofginn.

Zu Miersch ass enger Policepatrull e Samschdeg de Moie géint 5.20 Auer een Auto an der Rue de Colmar-Berg duerch seng Fuerweis opgefall. Eng Kontroll huet erginn, datt och hien ze vill gedronk hat, an hie misst säi Fürerschäin ofginn.

Nach emol zu Esch huet d’Police e Samschdeg de Moie géint 5.40 Auer ee Chauffer ugehalen, deen däitlech ze séier an der 50er-Zon ënnerwee war. Och hei war Alkohol am Spill an de Permis war fort.

An Alkoholkontrollen am Pommerlach, zu Wolz an zu Heischent hunn d’Beamten an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg dann nach am ganze 408 Automobiliste kontrolléiert. 14 vun hinnen hate gedronk a fënnef hunn hire Permis souguer op der Plaz missten ofginn.

Back to Top
CIM LOGO