
Éischten Informatiounen no hat de Chauffer vum Won d’Kontroll an enger Kéier verluer. Hie krut fir d’éischt de Summerwee ze paken an dunn e Bam. Wéi et heescht, soll et op där Plaz glat gewiescht sinn.
Och op der N12 tëscht Tënten a Sëll koum et zu engem Accident wéinst schmierege Stroosseverhältnisser.
Vum ACL ass et iwwerdeems d’Warnung, dass et den Ament net evident ass op eise Stroossen. Plazeweis kéint et schmiereg a glat sinn. Et besteet och d’Gefor vun Aquaplaning oder nach, dass Äscht oder Beem op d’Fuerbunn falen.