Am MinettChauffere bauen Accident ënner Alkohol- an Drogenafloss

RTL Lëtzebuerg
Zu Esch/Uelzecht gouf eng Persoun festgeholl, déi am Rond-point Raemerich mat hirem Won accidentéiert ass. Zu Diddeleng krut e Mann eng Fassad ze paken.
© CIS Esch

D’Police hat an der Nuecht op e Sonndeg an an de fréie Moiesstonnen nawell vill wéinst Alkohol an Drogen um Steier ze dinn. E Sonndeg géint 6.45 Auer ass e Gefier zu Esch/Uelzecht am Rond-point Raemerich accidentéiert. Eng Automobilistin ass mat ze héijer Vitess aus Richtung Stad ugefuer an op der Gréngfläch vum Rond-point un d’Stoe komm. Zwou vun de fënnef Persounen am Auto goufen aus dem Gefier erausgeschleidert an hu missen an d’Spidol bruecht ginn. Den Auto ass a Flame geroden an duerno komplett ausgebrannt. Wéi sech erausgestallt huet, hat d’Fra hannert dem Steier Alkohol an Droge consomméiert. Si gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat e Sonndeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

© Mobile Reporter

Zu Diddeleng ass e Chauffer géint eng Hausfassad gefuer. Op der Plaz huet d’Police festgestallt, datt hie kee Fürerschäin huet. Well d’Bäifuererin, där den Auto gehéiert, zougelooss huet, dass sech hire Begleeder alkoholiséiert an ouni Permis hannert d’Steier setzt, gouf si protokolléiert.

Op der Gare an der Stad ass an der Nuecht op e Sonndeg eng Persoun duerch Rout gefuer. Och hei war Alkohol am Spill. Gëlteg Pabeiere konnten net virgeluecht ginn. Op der selwechter Plaz ass der Police en aneren Automobilist opgefall, deen trotz grénger Luucht stoe bliwwen ass. Bei enger Kontroll huet sech erausgestallt, dass de Chauffer ënner Alkohol- an Drogenafloss stoung. D’Permise goufen agezunn.

Back to Top
CIM LOGO