
Den Automobilist gouf liicht blesséiert a gouf zur Kontroll an d’Spidol bruecht. De viischten Deel vum Auto gouf beim Accident op der Route de Leudelange tëscht Beetebuerg an Obeler staark beschiedegt.
D’Police huet e Méindeg de Moien dann och nach dräi Abréch gemellt, dat tëscht Sonndegnomëtteg a Sonndegowend. Agebrach gouf an zwee Wunnengen zu Bouneweg an an een Haus zu Elweng.