
Den Auto ass tëscht der Kockelscheier a Réiser an een Zonk vun enger Wiss gerannt. De Mann hannert dem Steierrad gouf beim Accident blesséiert a koum an d'Spidol.
En Dënschdeg koum et zu engem Accident op der A13 a Richtung Schengen, bei deem 2 Persoune blesséiert goufen, mellt den 112.
Géint 18 Auer en Dënschdeg den Owend waren 3 Autoen anenee geknuppt. Heibäi goufen zwou Persoune liicht verwonnt.