
D’Loterie Nationale ass weiderhi beléift bei de Leit an huet zejoert knapp 95 Milliounen Euro u glécklech Gewënner ausbezuelt, dat bei engem Chiffre d’affaires vun 159 Milliounen Euro, deen ëm en Drëttel par Rapport zu 2021 an d’Luucht gaangen ass.
De groussen Deel vun de Loterie-Recettë si fir d’Oeuvre, déi ronn 23 Milliounen Euro konnt un Beneficiairen a ganz verschiddenen Domainer verdeelen.
Sou kruten zum Beispill d’Sozialbüroen eng 4,4 Milliounen iwwerwisen, 5,2 Millioune ware fir 7 Institutiounen aus dem soziale Beräich a 4,8 Milliounen hunn sech eng 133 Projete gedeelt, déi Clibb a Veräiner bei der Oeuvre eragereecht haten.
Zu de Beneficiairen hunn z.B. d’Käerjenger Initiativ “Grénge Kuerf”, d’Biekerecher Millen asbl, d’Poppespënnchen asbl an de Lëtzebuerger Paralympesche Comité gezielt
Zanter datt d’Loterie Nationale nom Zweete Weltkrich gegrënnt ginn ass, konnten eng 500 Millioune Recetten un Beneficiaire weider gereecht ginn. Déi meescht Recettë gëtt duerch de Verkaf vun EuroMillions-Billjeeë gemaach, dat virun der Vente vu Lotto, Rubbel an Zubito-Lousen.
No 25 Joer Benevolat an der Oeuvre huet zejoert de Pierre Bley d’Presidence vum Verwaltungsrot un d’Danièle Wagner weiderginn. Nei Memberen am Conseil goufen de Roby Biwer an d’Anouk Wies.