
Um Héichpunkt vun der Covid-Kris am Juni d'lescht Joer louch d'Aarbechtslosegkeet nach bei 7 Prozent. 15.417 Residentë waren Enn Oktober bei der Adem ageschriwwen, 2.500 manner wéi virun engem Joer. Eng 4.500 Leit sinn aktuell an enger Beschäftegungsmesure.
3.900 nei Aarbechtsplaze goufen am Oktober gemellt. 11.000 Poste sinn aktuell fräi.