Um Findel Cité policière ganz a Blo fir Internationalen Dag vun de Polizisten, déi am Déngscht gestuerwe sinn
Um Samschdeg ass den internationalen Dag zu Éiere vun de Polizisten, déi am Déngscht gestuerwe sinn, deen Interpol 2019 agefouert huet.
Op Invitatioun vun Interpol goufe weltwäit d’Police-Servicer invitéiert, bestëmmte Policegebaier oder Ministèren a Blo ze beliichten, fir eng staark a visibel Symbolik ze vermëttelen. An dësem Kader wäert d’Cité policière Grand-Duc Henri um Findel vum Sonnenënnergang um Freideg bis zum Sonnenënnergang um Samschdeg esou beliicht ginn.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.