Pilote vum 3. Rapatriementsvol"Wéi mir d'Leit u Bord begréisst hunn, hu mir och d'Emotioune gespuert a gesinn"

Christophe Hochard
E Freideg ass den 3. Fluch aus dem Oman um Findel ukomm. De Kapitän Laurent Donteri an d'Co-Pilotin Jil Kalmes hunn eis erzielt, wéi si de Fluch erlieft hunn.
"Wéi mir d'Leit u Bord begréisst hunn, hu mir och d'Emotioune gespuert a gesinn"
E Freideg ass den 3. Fluch aus dem Oman um Findel ukomm. De Kapitän Laurent Donteri an d'Co-Pilotin Jil Kalmes hunn eis erzielt, wéi si de Fluch erlieft hunn.

181 Passagéier sinn e Freideg de Moie kuerz virun 11 Auer um Findel gelant. Si goufe vun der Luxair an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Regierung vun Dubai rapatriéiert. Vu Maskat am Oman goung et iwwer Hurghada zréck an de Grand-Duché.

Leschten Dënschdeg ass d'Luxair Crew erof geflunn. Ënnert anerem de Kapitän Laurent Donteri an d'Co-Pilotin Jil Kalmes. "Mir wësse genau, wat d'Passagéier matgemaach hunn. Et war net einfach. Net nëmme wat zu Dubai geschitt ass. Och déi ganz Rees vun Dubai eriwwer an den Oman. Wéi mir d'Leit u Bord begréisst hunn, do hu mir och d'Emotioune vun dëse Leit gespuert a gesinn", sou de Laurent Donteri am exklusiv Interview mat RTL.

De Vol, fir d'Leit zréckzebréngen, gouf séier organiséiert. "Mir wollten déi Leit sou séier ewéi méiglech aus där Regioun erauskréien. Eng ganz Ekipp war un dëser Organisatioun bedeelegt. Mataarbechter vun der Luxair awer och anerer. Séier hate sech bei eis och Fräiwëlleger gemellt, fir un dëser Rettungsaktioun matzemaachen", erkläert de Chefpilot Donteri.

De Pilot Laurent Donteri erzielt, wéi emotional de Rapatriementsvol fir hie war
Hie wier frou, Deel vun der Missioun gewiescht ze sinn, déi d'Leit aus dem Noen Osten zréck op Lëtzebuerg bruecht huet.

U Bord vum Vol LG2120 waren och dräi Puppelcher an 12 Kanner. Fir d'Jil Kalmes, Co-Pilotin bei dësem Fluch, war dëst och eng wichteg a wäertvoll Erfarung. "Fir mech war et grad esou emotional ewéi de Laurent. Wéi d'Leit elo hei zu Lëtzebuerg aus dem Fliger geklomme sinn a gekrasch hunn, do hunn ech och missen Tréinen ënnerdrécken", erzielt d'Jil Kalmes.

Vol aus dem Oman: Wa Risk ze grouss gewiescht wier, wiere Piloten net geflunn
D'Co-Pilotin Jil Kalmes erkläert, datt um Buedem zwar méi Koordinatioun néideg gewiescht wier wéi am Alldag, an der Loft awer alles d'selwecht war wéi soss.

E Freideg den Owend um 19.30 Auer ass de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel live am RTL Journal op der Télé fir iwwer d'Flich an déi aktuell Situatioun am Noen Osten ze schwätzen.

Drëtte Vol ass um Findel gelant

E Freideg ass den 3. Fluch zeréck op Lëtzebuerg komm, zënter deem sech am Noen Osten de Konflikt zougespëtzt huet. Beim 3. Vol, deen e Freideg géint 11 Auer um Findel gelant ass, handelt et sech ëm e Luxair-Fluch vun Hurghada aus, deen awer vu Maskat am Oman aus gestart, an an Ägypten tëschegelant ass.

Um kuerz viru 7 Auer e Freideg de Moie war de Fluch zu Hurghada an Ägypten gestart. U Bord waren 181 Passagéier, dovunner 3 Puppelcher an 12 Kanner. Dat confirméieren e Freideg de Moien och déi zoustänneg Lëtzebuerger Ministèren.

Véierte Vol mat Militärfliger

E weidere Vol e Freideg ass mat engem Militärfliger vun der MRTT-Flott (Multi-Role Tanker Transport) geplangt a soll e Freideg den Owend dann am Grand-Duché landen. Hei sollen 200 Leit transportéiert ginn. Dëse Fliger wier dann och schonn zu Maskat am Oman gelant. Am Laf vum Moie ass dëse Fluch gestart.

De Communiqué vum Mobilitéits- an Ausseministère
Troisième vol de rapatriement en route vers le Luxembourg et un quatrième à atterri à Mascate

Back to Top
CIM LOGO