
Um 17:17 Auer en Dënschdeg koum et zu engem Accident mat dräi Autoen op der Streck tëscht der Kockelscheier a Réiser. Eng Persoun ass hei zu Schued komm, op der Plaz waren d'Stater Secouristen an och de SAMU.
Eng weider Kollisioun mat zwee Autoen ass tëscht dem Briddel a Stroosse geschitt, dat um 18:13 Auer. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn, d'Ekippen aus der Stad a vu Koplescht waren am Asaz.
Um 19:30 Auer ass e Cyclist tëscht Useldeng a Rippweiler vun engem Auto ugestouss ginn, eng Persoun gouf dobäi verwonnt. Déi lokal Secouristen an d'Ekippe vu Réideng waren op der Plaz.
De CGDIS mellt dann och nach siwe kleng Bränn uechter d'Land, hei ass et awer all Kéiers beim Materialschued bliwwen.