D'Lëtzebuerger Sprooch war en Dënschdeg e Sujet am Face-à-Face hei um Radio tëscht dem Martine Hansen vun der CSV an dem Fred Keup, dee fir d'ADR mat an d'Wale geet. Den Educatiounsminister Claude Meisch huet um Mëttwoch de Moien als Invité vun der Redaktioun op eenzel Aussoe reagéiert.
Hie kënnt villes, wat en Dënschdeg behaapt gouf, net vollzéien. An de Crèchë géif d'Lëtzebuergesch weider am Virdergrond stoen. Elo misst awer an all Crèche Lëtzebuergesch geschwat ginn, dat wär virdrun net de Fall gewiescht.
D'Sproochecoursen, ob am Centre de langues oder de Lycéeën, wäre massiv opgestockt ginn. Dës Regierung hätt méi fir eis Sprooch gemaach wéi déi aner Regierungen zesummen, fënnt de Claude Meisch.
Hien hätt net eng eenzeg Propose héieren, wat méi misst gemaach ginn. Do wären awer nach Saachen, z.B. Lëtzebuerger am virtuelle Raum verankeren. Muss Siri z.B. net och Lëtzebuergesch schwätzen?
De Minister Meisch ass op alle Fall frou, wéi hi seet, datt agesi gouf, datt méi misst fir eis Sprooch gemaach ginn.
D'CSV-Deputéiert Martine Hansen huet och schonn op d'Reprochë vum Claude Meisch reagéiert.
Datt si am Face à Face en Dënschdeg bei der Diskussioun iwwer Verharmlosunge vum Naziregimm um Internet keng Positioun bezunn hätt, wier falsch!
Si hätt dës kloer veruerteelt.
Invité vun der Redaktioun ass um Mëttwoch de Moie war den Educatiounsminister.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren