Invité vun der Redaktioun (15. Januar)Claude Meisch wëll weider Schoulminister bleiwen

RTL Lëtzebuerg
Invité e Méindeg ëm 10 op 8 war den Educatiounsminister.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Claude Meisch
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De Claude Meisch wëll weider Schoulminister bleiwen. Dat sot hien um Méindeg de Mueren am RTL-Interview. Hie wëll d'Reformen, déi elo op d'Schinne bruecht goufen weiderféieren.

Hie wëll d'Reformen, déi elo op d'Schinne bruecht goufen, weiderféieren. Den DP-Politiker mengt, datt d'Stëmmung am Educatiounssecteur gutt wier, souwuel bei de Leit um Terrain, also dem Léierpersonal, wéi bei den Elteren.

Et gëtt awer och d'Suerg wéi et weider geet, sou de Minister, dat well d'Oppositioun ëmmer géint dës Reforme war .

De Claude Meisch wëll awer, datt d'Schoulpolitik manner politesch, mä méi sachlech diskutéiert gëtt, an dat mat allen Acteuren. Dowéinst ginn jo och e Conseil national des Programmes an den Observatoire de la qualité scolaire geschafen.

Invité e Méindeg ëm 10 op 8 war den Educatiounsminister.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO