"Wann een et mat engem Wuesstem vu 4-5% fäerdeg bréngt, datt den Defizit nach an d'Luucht geet, ass dat net seriö. Wéini sollt een da soss Reservë maachen, wann net elo", dat sot den CSV-Fraktiounschef am RTL-Interview.
An den nächste 5, 10, 15 Joer géife sécher déi nächst schwiereg Zäite kommen. Duerfir misst d'Regierung méi eng wäitsiichteg Politik maachen, wat se den Ament net maache géif.
Direkt nom Depot vum Staatsbudget hat de Claude Wiseler e Mëttwoch scho vu Märercher an onverantwortlech Depensë geschwat. Et wier e Staatsbudget, deen alles anescht wéi nohalteg wier, nom Motto mir maachen elo e groussen Defizit an déi nächst musse kucken, datt se domadder eens ginn.
D'CSV plädéiert fir e mëttelfristege Budgetsobjektiv vu Plus 0,25%.
D'Oppositiounspartei kritiséiert, datt d'Regierung sech zanter de leschte puer Joer mat engem negativen Objektiv zefridde gëtt. Si hätte sécher deels eng aner Politik gemaach. Eng Rei vun de Reformen hätt een net an där Form oder an deem finanziellen Ausmooss gemaach, sou eisen Invité vun der Redaktioun.
D'CSV stéiert sech nach ëmmer un der Regierung hirer Steierreform an déi Blo-Rout-Gréng Familljepolitik wou d'Oppositiounspartei, wéi de Claude Wiseler sot, jo och Alternative proposéiert hätt. Dat heescht awer net, sou eisen Invité vun der Redaktioun, datt déi gratis Kannerbetreiung oder sou mat enger CSV an der Regierung elo géife komplett réckgängeg gemaach ginn Dat géif ee selbstverständlech net maachen, sou de Claude Wiseler. Och e Congé parental géif ee just iwwerkucken awer nëmmen am positive Sënn.
Eng Regierungspolitik sollt och bei engem Regierungswiessel, wann en da kënnt, an der Kontinuitéit weidergoen.
D'Hausse vum Steiersaz vun de stock options geet dem dem Claude Wiseler net wäit genuch. Och d'CSV wëll déi steierlech Avantagë fir Kaderen net komplett ofschafen. Se missten awer erëm zu deem zréckgefouert ginn, firwat se an éischter Linn agefouert gi waren. Haut wieren déi Stock options just eng Ongerechtegkeet.
En Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de Claude Wiseler eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.