Invité vun der Redaktioun (19. Abrëll)Claudia Monti, nei Knouterfra

RTL Lëtzebuerg
Invitée vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie géint 10 op 8 war d'Claudia Monti, neien "Ombudsman".
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Claudia Monti
Invitée vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie géint 10 op 8 war d'Claudia Monti, neien "Ombudsman".

"Et ass e kee politesch d'Sprangbried fir mech!", dat huet déi nei Ombudsfra Claudia Monti e Mëttwoch de Mueren am RTL-Interview ënnerstrach. En Dënschdeg gouf si jo vum Premier Xavier Bettel zur neier Mediatrice vereedegt.

Datt si de Posten krut, well si eng gutt Frëndin vum Premier Xavier Bettel ass, léisst si och net gëllen, dës laangjäreg Frëndschaft soll kee Vir- awer och keen Nodeel sinn.

Bei hirer Aarbecht als Ombudsfra, déi jo bei Streidereien tëscht Bierger an Administratiounen soll vermëttelen, well d'Claudia Monti op hir Experienzen als Affekotin zeréckgräifen an op Dialog a Mënschlechkeet setzen.

© SIP / Emmanuel Claude

Während hirem ganze Liewen hätt d'Claudia Monti sech mat Determinatioun géint Ongerechtegkeeten a fir deenen, déi et net sou gutt geet, agesat, sou de Staatsminister während der Vereedegung. Si wier fir de Poste vum Ombudsman predestinéiert.

D'Claudia Monti fänkt offiziell en nächste Méindeg op hirem neie Posten un. Si ass d'Nofolgerin vun der Lydie Err, déi rezent an d'Pensioun gaangen ass. Do virdrun war de Marc Fischbach Ombudsman. Hie war den éischte Mediateur, den tëscht de Bierger an den Administratiounen vermëttelt huet.

Invitée vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie géint 10 op 8 war d'Claudia Monti, neien "Ombudsman".

Resumé Invité vun der Redaktioun / Rep. Claudia Kollwelter

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO