Invité vun der Redaktioun (3. Juli)Claudine Konsbruck

Pit Everling
En Dënschdeg de Moie war d'Claudine Konsbruck eis Invité am Studio.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Claudine Konsbruck
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

En Dënschdeg de Mëtteg gëtt d'Claudine Konsbruck an der Chamber vereedegt. Si iwwerhëlt d'Successioun vum Marcel Oberweis.

D'Invitée vun der Redaktioun ass zanter 2003 Member vun der CSV, zanter 2011 am Stader Gemengerot an vun en Dënschdeg un also am Parlament.

D’Claudine Konsbruck beschreift sech als pragmatesch Politikerin. Et géif net ëmmer duergoen ze kritiséiere, mä selwer probéieren eppes ze änneren.

Déi 51 Joer al Mamm vun 3 Kanner ass Juristin, huet am Justizministère ënner 5 Ministere geschafft an ass och Presidentin vun der Initiative „Rëm schaffen“.

Si iwwerhëlt elo d'Dossiere vum Marcel Oberweis an de Kommissiounen Héichschoul a Recherche, Petitioun, Environnement, an doriwwer eraus och nach Kultur a Famill.

D'Claudine Konsbruck ass iwwerzeegt, datt si sech, trotz der kuerzer Zäit, déi nach bis zu de Wale bleift, an d'Dossiere erageschafft kritt.

En Dënschdeg de Moie war d'Claudine Konsbruck eis Invité am Studio.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO