Invité vun der Redaktioun - Nicolas Henckes (21. November)CLC fir total Liberalisatioun vun Ouvertureszäiten

RTL Lëtzebuerg
Invité en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war den Direkter vun der CLC.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Nicolas Henckes
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

E Geriichtsuerteel kéint d'Ouvertureszäiten am Commerce kippen.

E Bäcker huet um Verwaltungsgeriicht an 1. Instanz géint de Wirtschaftsministère Recht kritt, well hien net d'selwecht a sou flexibel däerf ophunn wéi Tankstellen a senger Géigend.

De Ministère geet géint d'Uerteel an Appell. Um Enn muss awer villäicht d'Gesetz, dat d'Ouvertureszäite reegelt, geännert ginn.

D'CLC, d'Handelskonfereratioun begréisst dat, sot um Dënschdeg de Moien den Invité vun der Redaktioun, den Direkter Nicolas Henckes: "Dat Uerteel kënnt eis richteg geleeën ... Mir wëlle scho laang eng komplett Liberaliséierung, natierlech am Aklang mam Aarbechtsrecht. Nëmmen esou kéint ee méi kompetitiv sinn a méi no un de Leit an hire Besoinen."

De Patron soll also kënnen decidéieren, wéini en op huet, kann Ëmsaz maachen a fir d'Cliente kann do sinn. Vill Geschäfter wären Demandeur, fir méi flexibel kënnen ze schaffen.

De Marché géif nämlech ëmmer méi schwéier ginn a mat attraktiven Ouvertureszäite kéint een do eppes dogéint maachen, seet de CLC-Direkter Nicolas Henckes.

Et ginn awer och genuch Butteker, déi zum Beispill wann d'Geschäfter an der Stad sonndes ophunn, d'Stad voller Leit ass, awer zoubleiwen; nom Motto „wegen Reichtum geschlossen“. "Dat gefält eis net", seet den Nicolas Henckes. An dat wier och ze vill e kuerzfristegt Denken. Haut géif nach villäicht d'Rechnung fir e Geschäft opgoen, an Zukunft awer net méi. D'Butteker missten ëmdenken, e gudden, bessere Service ubidden, op den Internet setzen, anescht géife se net iwwerliewen.

Invité en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war den Direkter vun der CLC.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO