Duebel Tester als méiglech Exit-Strategie CMCM huet all seng Employéen duebel getest

Annick Goerens
D'Mesure vum sougenannten „double testing“, also duebel ze testen, ass eng vun de méigleche Pisten, fir aus dem Lockdown erauszekommen.

Och fir esou de Leit z'erméiglechen, nees quasi normal schaffen ze goen. D'CMCM ass elo Virreider an huet selwer decidéiert, fir hiert Personal esou testen ze loossen.

CMCM/Reportage Annick Goerens

Zesumme mat engem private Laboratoire an op fräiwëlleger Basis konnte sech déi ronn 65 Leit, déi bei der Caisse médico-complémentaire mutualiste schaffen, teste loossen. 1 Mol de Frottis an der Nues an 1x de Blutttest, fir op Antikierper ze testen, an esou ze wëssen, ob eng Persoun immun ass oder net. Quasi all Employé, bis op 2 Ausnamen, hätt sech dofir gemellt, confirméiert de Generaldirekter Fabio Secci.
„Et ass eis drëms gaangen, mir schaffen den Ament wéi Banken an Assurancë virun, well mer pro Woch ronn 1 Millioun Euro un eis Memberen zeréckbezuelen an do héich Beträg derbäi sinn un eenzel Memberen, wou mer eben decidéiert hunn mam Conseil d'Administratioun, dass et duerchaus wichteg ass fir weiderzeschaffen. A mir wollten elo eben de Point maache par Rapport zu de Leit, déi all Dag op de Büro kommen a si hate selwer och de Wonsch, ass een derbäi dee positiv ass, och ouni Symptomer, deen awer kéint ustiechen.“

Et wier kee vun den Employéen dobäi, dee momentan ustiechend ass a ronn eng Hand voll Leit hätte serologesch nogewisen Antikierper, also wäre krank- oder op d'mannst a Kontakt mam Virus gewiescht.

„Et war virun Allem, fir de Leit d'Sécherheet ze ginn, voilà wann ee sech un d'Hygiènesreegelen hält, privat wéi och am Berufflechen. Mir hunn d'Leit wäit auserneegesat, d'Sitzungen ofgesot, fir de Public zougemaach an déi Consignë ginn à la lettre agehalen, mat Desinfektiounsmëttele fir d'Hänn ze desinfizéieren, mir hu Masken am Asaz, wa mer virun d'Dier ginn: Dat beweist awer, dass et méiglech ass weiderzeschaffen a sech net unzestiechen, wann ee sech un d'Consignen hält. An dat war och dat Resultat, wat mer wollte gesinn.“

Den duebelen Test wäert sécherlech eng vun de Piste sinn, op déi wäert mussen zeréckgegraff ginn. An dorop bereet sech d'CMCM och vir.

„Mir stellen eis nämlech d'Fro bei der CMCM, ob mir een Deel vun dem Test kéinte finanziell ënnerstëtze bei de Memberen. Mä d'Fro stellt sech an deem Sënn elo sou nach net, well wann den Test do misst gemaach ginn, als eng Mesure fir d'Relance, da muss en do gemaach ginn, wou d'Regierung entscheet, wou och als éischt nees d'Aktivitéit agesat gëtt. Dat heescht, wann dat elo de Secteur X ass, da sollen déi Leit an dem Secteur X och als éischt den Test do gemaach kréien, fir déi kënne festzestellen, déi wei gesot d'Krankheet schonn haten, mat oder ouni Symptomer an Antikierper opgebaut hunn an esou selwer net méi kënne krank ginn a kee méi kënnen ustiechen.“

Den Test wär deemno natierlech kee Wonnermëttel, mä eng "Remise à zero", sou de Generaldirekter vun der CMCM. Wann ee gesond ass, da wéisst een, dass een et bis ewell gepackt hätt, sech aus de Féiss ze halen a wann een et nach net esou seriö geholl hätt, wär et nach eng zousätzlech Motivatioun, sou nach den Fabio Secci.

Firwat ass ausgerechent d’ Personal vun der CMCM a net zb medezinescht Personal getest ginn?

Op Nofro krute mir vum private Labo gesot, si hätte just en éischte KIT mat 90 Tester geliwwert krut, déi éischte Kéier misst dann emol eng sougenannt Validatioun vun der Methode gemaach ginn. D'CMCM wier do en gëeegenten Echantillon gewiescht an och Demandeur.

Am Moment géing een op aner KIT-Tester waarden, an dervun ausgoen, dass der en Donneschdeg nees neier an d’Land kéimen.

An enger 1. Phase soll jo un engem representativen Echantillon vu 1.500 Läit duerch Antikierper- a Virus- Tester gekuckt ginn, wéi grouss d’Immunitéit géint de COVID-19 schonn zu Lëtzebuerg ass.

Eng national Strategie déi am Gaang ass, ausgeschafft ze ginn, soll da festzeleeën, wie wéi getest gëtt, woubäi et dann natierlech Sënn mécht, virop Läit ze testen, déi a sensibele Secteure schaffen.

Back to Top
CIM LOGO