
De Regierungsrot huet e Mëttwoch fir e Gesetzprojet, mat deem de Code pénal geännert gëtt, fir besser géint Cybergewalt kënne virzegoen, gestëmmt.
Esou Fäll huele leider ëmmer méi zou an dierften net toleréiert ginn an onbestrooft bleiwen, gëtt d’Justizministesch Elisabeth Margue an engem Schreiwes aus hirem Ministère zitéiert. Nei gesetzlech ageschriwwe ginn elo beispillsweis d’Infraktioune vun Deepfakes mat sexuellem Hannergrond, Cyberflashing, also wann een ongefrot Biller vu de Genitalie verschéckt, oder och generell online sexuell Belästegung.
International Etüden hätte gewisen, dass virun allem Fraen Affer vu Cybergewalt ginn. Den aktuelle Code pénal wier a sengen Dispositiounen heiansdo ze neutral, sou dass esou Faiten net ëmmer konsequent genuch kënne bestrooft ginn.