Gedenken un 91 LëtzebuergerCommemoratiounszeremonie zu Groussbus, a Presenz vu Ministesch Martine Hansen

RTL Lëtzebuerg
Beim Massaker zu Slonsk a Polen waren am Zweete Weltkrich och 91 Lëtzebuerger ëm d'Liewe komm.

Virun 79 Joer koum et am fréiere KZ a Prisong fir politesch Detenue vu Sonnenburg a Polen, haut Slonsk genannt, zum Massaker vun engem SS-Detachement, déi 819 Prisonéier erschoss hunn.

Ënnert hinne waren deemools och 91 Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert, déi sech geweigert haten, fir d’Wehrmacht ze kämpfen. Et war de gréisste Massemord u Lëtzebuerger wärend dem Zweete Weltkrich.

Zu Groussbus ass um Dënschdeg eng Commemoratiounszeremonie, bei där d’Regierung duerch d’Ministesch Martine Hansen vertrueden ass.

Back to Top
CIM LOGO