
Viséiert sinn hei déi Persounen, déi sech ëm eeler Leit respektiv Leit mat Behënnerung musse këmmeren, well dës duerch aner Mesuren net méi op hirer gewinnter Struktur, wéi engem Foyer, en charge kënne geholl ginn. Well dës Leit awer op d'Hëllef vun anere Persounen ugewise sinn, huet d'Regierung decidéiert, fir de Congé pour soutien familial anzeféieren.
Dëse Congé ass awer u verschidde Conditioune gebonne. Esou muss d'Struktur, an där de fleegebedierftege Mënsch normalerweis ass, wéinst der Kris hir Aktivitéit agestallt hunn. D'Persoun, déi de Congé hëlt, muss selwer d'Fleeg vun där anerer Persoun iwwerhuelen. D'Persoun, déi de Congé ufreet, dierf net schonn an der Kuerzaarbecht sinn an dierfe keng aner Moyene ginn, fir Fleeg vun de bedierfteger Persoun.

Dës Congé geet just bis un d'Enn vun der Kris an hält op, soubal d'Strukturen nees hir Dieren opmaachen. De Congé ka réckwierkend op den 18. Mäerz geholl ginn.
Just Leit, déi selbstänneg oder an der Privatwirtschaft schaffen, kënnen dëse Congé huelen. Leit, déi am ëffentlechen Déngscht schaffen, kënne fir dëse Fall vun hirer Aarbecht befreit ginn.