CaritasCorona-Helpline fir Leit ze ënnerstëtzen, déi finanziell Problemer hunn

RTL Lëtzebuerg
D'Caritas Corona-Helpline ënnerstëtzt Mënschen, deenen et schwéier fält fir Liewensmëttel, Loyer, Rechnungen a Prêten an dësen Zäiten ze bezuelen.

Et gi vill Leit, deenen et den Ament schwéier fält, alles ënnert een Hutt ze kréien. Vill Betriber kënnen nëmmen Deelzäit oder guer net schaffen, wouduerch och d'Salariéen a finanziell Enkpäss kënne kommen.

D'Telefonsnummer fir Berodung oder Hëllef ass den 40 21 31 -999 oder via Mail op helpline@caritas.lu.

D'Berodung gëtt an iwwer 10 Sproochen ugebueden.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO