Dosis spillt eng RollCoronavirus kann eng gewëssen Zäit op Surfacen iwwerliewen

Lynn Cruchten
Ka sech de Coronavirus op Surfacen festsetzen a kann ee sech als Mënsch iwwert dee Wee ustiechen?
Covid-19 op Surfacen
Ka sech de Coronavirus op Surfacen festsetzen a kann ee sech als Mënsch iwwert dee Wee ustiechen?

Dat ass eng Fro, déi ëmmer nees gestallt gëtt an déi, well de Virus nach relativ nei ass, net sou einfach ze beäntweren ass. Virologen an Doktere beruffe sech awer op aktuell Etüden, déi soen, dass de Virus op ënnerschiddleche Surfacen ënnerschiddlech laang nozeweisen ass.

Mat der Zäit a mam Wee vun enger Saach op déi aner geet ëmmer erëm en Deel vum Virus verluer. D‘Dosis an der Virologie spillt eng entscheedend Roll. An souguer, wann ee sech mat enger „infizéierter Hand“ am Gesiicht upéckt, hänkt et ëmmer nach vun der Dosis vum Virus of, déi an de Kierper geet, ob ee sech ustécht oder net.

Dat Allerwichtegst ass et all Kéiers, nodeems een eppes ugepaakt huet, wat och vun anere beréiert gouf, sech op kee Fall am Gesiicht unzepaken a virop d'Hänn ze wäschen.

Back to Top
CIM LOGO