Resultater vum ListCoronavirus nees méi present am Ofwaasser

RTL Lëtzebuerg
Wéi de List en Dënschdeg matdeelt, gouf quasi a sämtlechen Ofwaasserkanäl am Land eng Hausse vun der Sars-Cov-2-Konzentratioun festgestallt.

De Luxembourg Institute of Science and Technology huet de 14. Juli, am Kader vun der Etüd "Coronastep+", d'Prouwen analyséiert. Echantillone goufen zu Beetebuerg, iwwer Beggen, bis op Schëffleng geholl. Just zu Ëlwen war d'Prouf negativ.

Schonn zanter dem 25. Juni hätt een eng Augmentatioun vum der Covid-Konzentratioun am Ofwaasser festgestallt, zäitgläich goungen jo och d'Zuel vun den Neiinfektiounen nees an d'Luucht.

Besonnesch bei de Kläranlage zu Beetebuerg a Péiteng war d'Konzentratioun vum Coronavirus zanter Juni quasi 3 Mol méi héich. Dogéint wier d'Konzentratioun um Site zu Hesper an am Norde vum Land erofgaangen, respektiv stabel bliwwen.

Weider, méi detailléiert Etüde sollen elo nach opweisen, wisou d'Konzentratioune variéieren.

PDF: Schreiwes vum List

Back to Top
CIM LOGO