Situatioun vu grousse BetriberCoronavirus setzt Logistik ënner Drock

RTL Lëtzebuerg
Onberechenbar ass zum Beispill d’Situatioun fir d‘Firma Grosbusch, déi Uebst a Geméis importéiert.
Situatioun vu grousse Betriber an Zäite vu Corona
Onberechenbar ass ënnert anerem d’Situatioun fir d‘Firma Grosbusch, déi Uebst a Geméis importéiert.

Vill Aarbecht fir de Betrib Grosbusch / Re. Dany Rasqué

Dat fänkt u bei de Produiten, déi wéinst dem Feele vu Saisonsaarbechter zum Beispill a Spuenien zum Deel net méi kënne recoltéiert ginn.

Et geet weider mam Transport, dee wéinst de Grenzkontrolle vill méi laang dauert wéi gewinnt. An da kënnt nach d’Baisse vun der Demande. Restauranten a Schoule sinn zou, eng Demande, déi zousätzlech wéinst den Hamsterkeef komplett volatil gi wär.

De Betrib schafft aktuell mat 60% vu senge Mataarbechter a reagéiert flexibel op déi nei Situatioun. Esou liwwert Grosbusch via fruitathome.lu elo och Këschte mat Uebst a Geméis bei d’Leit heem. Den Transport ass gratis. Allerdéngs sinn d’Delaie laang: bis zu 14 Deeg, wéinst enger onerwaart grousser Nofro.

D’Firma DHL, déi op Liwwere vu Päck spezialiséiert ass, huet zwar vill méi Nofro bei der privater Clientèle. Dat mécht awer d’Ewechfale vun de professionelle Clienten net wett, d’Firma verzeechent eng Baisse vu 50%.

Back to Top
CIM LOGO