HéichwaasserwarnungCôte d'alerte zu Ettelbréck iwwerschratt, Parking Deich gespaart

RTL Lëtzebuerg
Duerch de ville Reen, si plazeweis Stroossen a Parkplaze wéinst Iwwerschwemmunge gespaart. Tëscht Lëntgen a Stuppecht koum et zu engem Äerdrutsch.

Meteolux war um Méindeg dovun ausgaangen, dass lokal 30 bis 45 Liter/m2 kënnen zesummekommen. Um Dënschdeg de Moie koum den Update, dass tëscht 9 a 15 Auer tëscht 5 an 10 Liter/m2 kënne falen.

D’Peegele vun de Baachen an de Flëss waren zanter e Méindeg den Owend um Klammen. Zu Ettelbréck beispillsweis gouf d’Côte d’alerte vun der Uelzecht vun 2 Meter 30 géint 15 Auer iwwerschratt. Normal ass do en hallwe Meter. Och d’Sauer bei Dikrech war géint 15 Auer nëmmen nach eng 23 Zentimeter vun hirer Côte d’alerte vu 4 Meter 70 fort. No der Aschätzung vun der Héichwaasserzentral vun 16 Auer géingen d’Flëss wéinst noloossendem Reen elo just nach liicht klammen, oder schonn erëm erof goen.

Iwwerschwemmungen 04.01.2022
Uechter d’Land sinn d’Peegelstänn en Dënschdeg geklommen.

D’Waasserwirtschaftsamt hat um Dënschdeg de Moien eng Virwarnung vu méiglechen Iwwerschwemmunge fir d’Sauer, d’Uelzecht, d’Kor an d’Syr erausginn. Et gouf dann och eng pré-alerte orange lancéiert, wéinst der Iwwerschwemmungsgefor.

Elo sinn et virun allem nach d’Uelzecht an d’Sauer, bei deene weiderhi klammend Peegelen ze erwaarde sinn. Zu Miersch an zu Ettelbréck goufe bis de fréien Dënschdegowend klammend Peegele gemellt - déi héchste Waasserstänn gi sech un der Uelzecht tëscht dem spéiden Nomëtteg a Mëtternuecht erwaart. Bis e Mëttwoch de Mëtteg sollen d’Peegelen dann awer erëm op Normalwäerter falen.

Un der ënneschter Sauer a bei de Peegelen zu Dikrech, Bollenduerf a Rouspert ginn déi héchste Waasserstänn och tëscht dem Owend a Mëtternuecht erwaart, bis e Mëttwochowend wäert d’Côte de pré-alerte nees ënnerschratt ginn.

Beim CGDIS huet een d’Virwarnung vum Waasserwirtschaftsamt un d’Interventiounszentren weiderginn, déi da mat der lokaler Politik sech organiséieren. Bis en Dënschdeg de Mëtteg haten d’Rettungsdéngschter wéinst den Iwwerschwemmungen just 7 Asätz. Se stinn awer prett fir weider Asätz.

Leit déi laanscht Flëss wunnen, solle sech iwwer inondations.lu informéieren a wa se menge se kéinte betraff sinn, Mesuren ergräifen déi een op infocrise.lu fënnt.

D’Gemeng Ettelbréck mécht den Opruff, dass d’Leit hiren Auto vum Parking Deich a vum Niveau -1 vum Parkhaus “Am Däich” sollen ewechhuelen. D’Autoe kënnen am Parkhaus op den Niveauen 0 bis 3 geparkt ginn.

Den CR154 tëscht Siren an Alzeng gouf géint 14.30 Auer no enger Iwwerschwemmung nees fir de Verkéier fräiginn.

Schnéi a Glatäis

Kachelmannwetter mellt dann och, dass d’Temperaturen an der Nuecht op e Mëttwoch wäerten zolidd falen. An Héichte vun 3 bis 400 Meter kann et plazeweis schneien. Am Laf vum Moie soll et da méi dréche ginn. Op de Stroossen heescht et dann och oppassen, well bei Temperaturen tëscht 0 a -2 kann et zu Glatäis kommen.

© Service de prévision de crues Luxembourg (SPC)

Aktuelle Peegelstänn an Warnunge kann een op www.inondations.lu nokucken.

Wéi ginn d’Peegelstänn gemooss an d’Alerten definéiert?

Wat genee ass ënnert de verschiddenen Niveaue vun Alerten ze verstoen a wéi soll een am beschte reagéieren, wann eng Alerte erausgi gëtt?

Héichwaasser / Reportage Sabrina Backes

Mat engem Netz vu 40 Miessplazen huet d’Waasserwirtschaftsamt d’Peegelstänn vun de Flëss zu Lëtzebuerg ëmmer am Aen. All 15 Minutte ginn dës gemooss, soudatt séier ka reagéiert ginn. Fir d’Leit ze warne ginn et dräi ënnerschiddlech Phasen.

Déi éischt sougenannte Phase de vigilance, och giel Phase genannt, gëtt declenchéiert, wa vill Reen gemellt ass. Dëst wëll heeschen, datt et ka sinn, dass et zu engem Héichwaasser an de nächste Stonnen oder den Dag drop komme kéint.

Héichwaasser en Dënschdeg
D’Peegele vun de Baachen an de Flëss waren zanter e Méindeg den Owend um Klammen.

Déi zweet Phase geet e Schratt méi wäit. Dozou d’Christine Bastian, Cheffin vun der Hydrologie beim Waasserwirtschaftsamt:

“Dat ass d’Phase de prealerte, déi orange Phase, wou dann effektiv déi éischt Meldestuf schonn iwwerschratt ka ginn an dann et zu klengen Iwwerschwemmunge komme kann, u sech sou wéi haut et de ganzen Dag war, dass et sou lokal Iwwerschwemmunge ginn.”

Wann et en Dënschdeg géint Mëtteg net opgehalen hätt mat Reenen, da wier een an eng drëtt Phase gaangen. D’Côte d’alerte, oder rout Phase. An deem Fall besteet d’Gefor, datt et zu richtegen Iwwerschwemmunge komme kann, wéi et och am Juli de Fall war. De Restaurateur Nicolas Gruber vu Steenem hat och en Dënschdeg en ongutt Gefill. Wou hien d’Nouvellë vum Héichwaasser héieren huet, misst hien un de Summer zréckdenken.

“Et komme rëm Erënnerungen erop, keng schéin Erënnerungen. Och gëschter ass een opgereegt schlofe gaangen. Dat ass een deemools och scho gaangen. Gottseidank reent et lo scho manner de Moien, mee et ass een automatesch méi opgereegt mat der schlechter Erfarung...”

Dës Kéier koum et awer anescht. Et blouf bei engem normalen Héichwaasser, wéi dat am Wanter net onüblech ass. Trotzdeem wier et wichteg, d’Leit ze warnen, seet d’Christine Bastian.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?

Back to Top
CIM LOGO