Kanadesch LiewensmëttelfirmaCouche-Tard iwwerhëlt 60 Prozent vun de Lëtzebuerger Total-Tankstellen

RTL Lëtzebuerg
Total Energies huet Mëtt Mäerz eng Partnerschaft Couche-Tard ugekënnegt, wat d’Tankstellen zu Lëtzebuerg an an der Belsch ugeet.

Couche-Tard ass e kanadesche Liewensmëttel- a Spritverkeefer. En iwwerhëlt 60 Prozent vun der neier Joint-Venture an Total behält 40 Prozent.

D’Reseauen an Däitschland an Holland huet de franséische Pëtrolskonzern souguer ganz u Couche-Tard verkaf. Total huet fir béid Dealen 3,1 Milliarden Euro gefrot.

Fir d’Total-Tankstellen an hir Employéen ännert hei am Land fir den Ament näischt, krute mer op Säite vum LCGB confirméiert. Eréischt am Dezember gouf e Kollektivvertrag fir déi 450 Employéeë vu 24 Total Tankstellen ënnerschriwwen an déi Acquise gëlle bis Enn 2024, sou d’Gewerkschaft.

Wéi et am Schreiwes vun Total Energies heescht, bleift och Total d’Mark vun den Tankstelle fir op d’mannst déi nächst 5 Joer. Op jidder Fall soulaang se vun de Raffinerië vun Antwerpen an der Belsch a Leuna an Däitschland beliwwert ginn. Wat a 5 Joer geschitt, ass net gewosst.

Op der Hand läit awer, datt d’Mobilitéit déi lescht Jore vill geännert an nach vill ännere wäert. D’Europäesch Unioun huet sech jo als Zil gesat, bis 2050 Carbon-neutral ze sinn. Den Objektiv manner ofhängeg vu fossiller Energie ze ginn, krut dann duerch d’russesch Invasioun vun der Ukrain nach méi politesch Urgence. Total wëll eegenen Aussoen no bis 2030 30 Prozent manner Pëtrol verkafen a sech méi op Hydrogen an Elektromobilitéit ëmstellen.

Couche-Tard gesäit iwwerdeems der kanadescher Zeitung “ledevoir” no virun allem Potential beim Verkaf vu Liewensmëttel an den Tankstellen. Couche-Tard géing a sengen Tankstellen an de skandinavesche Länner der méi verkafen, ewéi der hei an den Total-Tankstelle verkaf géing ginn.

Back to Top
CIM LOGO