6 Leit am Auto, 1 DoudegenCour d'appel: Famill vum Affer freet Confirmatioun vum 1. Uerteel

RTL Lëtzebuerg
Op der Cour d'appel an der Stad gouf sech mam zivilrechtleche Volet vun engem déidlechen Accident am Juli 2017 tëscht Räichel an Nidderpallen befaasst.

Am Oktober war dowéinst um Dikrecher Geriicht e jonke Mann zu 15 Méint Prisong mat Sursis, enger Geldstrof vu 1.500 Euro an engem Fuerverbuet vu 36 Méint, dovun 12 fest, veruerteelt ginn.

D'Gefier, an deem deemools 6 Leit souzen, war frontal an e Bam gerannt, nodeems den iwwerfëllte Won virdru schonn e Bam gesträift hat. Den Dag nom Accident war en 19 Joer jonke Mann gestuerwen.

Cour d'appel/Reportage Eric Ewald

Deem säi Papp, seng Mamm a seng Schwëster kruten am Hierscht Schuedenersatz an Héicht vun am Ganzen 90.000 Euro zougesprach. Vun deene 4 anere Jonken am Auto, déi verwonnt gi waren, haten der zwee 8.500 Euro Provisioun kritt, en attendant Expertisen, fir hire geneeë Schued festzeleeën. D'Assurance vum Chauffeur hat géint dat 1. Uerteel Appell gemaach.

Der Versécherung hir Affekotin huet de Freideg de Moien op eng Matverantwortung vun de Passagéier plädéiert. Der Me Sigwalt no hätten déi acceptéiert, an den Onglécksauto ze klammen, obwuel se gewosst hätten, dass de Mann virdru Cannabis gefëmmt hat. Zwee vun de Passagéier wären och net ugestréckt gewiescht an hannen am Auto hätten ze vill Leit gesiess, an zwar 4 amplaz vun 3. D'Affekotin vun der Assurance huet dofir e "Partage des responsabilités" gefrot. Där Demande huet sech d'Affekotin vum Beschëllegten ugeschloss: Fir d'Me Frisch hätt ee sou e Partage des responsabilités schonn an 1. Instanz wéinst den ze ville Leit am Auto verlaangt. Et hätt kee Grond fir d'Passagéier ginn, am Auto ze sinn a si hätten e Risk acceptéiert.

D'Affekote vun de Passagéier a vun der Famill vum Affer hunn dat anescht gesinn: Si all hunn nämlech d'Confirmatioun vum 1. Uerteel gefuerdert an e Partage des responsabilités vu sech gewisen. D'Me Cathy Arendt an de Me Tom Luciani hu virun allem a Fro gestallt, ob d'Passagéier woussten, dass de Chauffeur Cannabis gefëmmt hat. Virun deem Hannergrond huet de Me Lopes Goncalves, Affekot vun der Famill vum Affer, dann och d'Demande aus 1. Instanz no Schuedenersatz an Héicht vun zesummen 110.000 Euro widderholl.

D'Uerteel gëtt de 25. Juni gesprach.

Back to Top
CIM LOGO