
Zu 15 Méint Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vu 500 € war am Juli um Stater Geriicht e Geiebauer vun 62 Joer veruerteelt ginn, dee vun 2003 un der Gei-Spillerin Sandrine Cantoreggi eng wäertvoll Gei aus dem Joer 1800 virenthalen hat. Si hat him d'Instrument iwwerlooss, ënnert der Konditioun, dass hien d’Gei fir 100.000 € verkafe sollt. Déi Konditioun hat de Geiebauer awer net erfëllt. De Mann hat Appel géint dat 1. Uerteel gemaach, deen Appel awer um Enn zréckgezunn. Dat zweet Uerteel ass fir den 30. Januar.