Versichten DoudschlagCour d'Appell setzt Prisongsstrof vu 15 op 8 Joer erof

Kevin Kayser
Géint de Beschëllegte goufen 8 Joer Prisong, dovu 4 mat Sursis, gesprach.
© AFP (Archiv)

Fir e Mann, dee wéinst dem versichten Doudschlag am August 2015 zu Stroossen vun engem anere Mann de Prozess gemaach kritt hat, huet sech de Wee op d'Cour d'appel an der Stad gelount. War hien an 1. Instanz nach zu 15 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis, condamnéiert ginn, sinn am Appell just nach 8 Joer Prisong, 4 dovu mat Sursis, géint hie gesprach ginn.

De Beschëllegten an deem seng deemoleg Frëndin sollen d'Affer mat engem Messer an de Réck, an en Aarm an an e Fouss gepickt, geschloen an ugestréckt an ëm mam Doud gedreet hunn.

Back to Top
CIM LOGO