Um Dënschdeg den Owend koum et zu Esch zu enger Course-poursuite, déi kuerz virun der franséischer Grenz duerch en Accident op en Enn gaangen ass.
Géint 21.45 Auer wollt eng Patrull e Gefier an der Rue Victor Hugo kontrolléieren. Wéi d'Beamten de Won stoppe wollten, huet de Chauffer Vollgas ginn an ass mat héijer Vitess op d'A13 a Richtung Éilereng gefuer an duerno nees zeréck op Esch. Op der Héicht vum Rond-point Deich/Rue des Acacias huet den Automobilist versicht, e Policeauto ze rammen. Dobäi huet hien d'Kontroll iwwert d'Gefier verluer a krut 2 Luuchtepottoen ze paken. Kuerz drop huet den Auto ugefaange mat brennen. De Brand gouf vun de Beamte mat engem Feierläscher geläscht.
Am Auto huet d'Police Drogen, eng Schreckschosspistoul, e Messer an eng gréisser Zomm Boergeld fonnt an saiséiert. Op Uerder vum Parquet goufe béid Persounen, déi am Auto souzen, festgeholl a koumen e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.