Tester, déi schonn zu Lëtzebuerg an den Asaz kënne kommen, de Labo produzéiert se nämlech och selwer.
Bei Fast Track Diagnostic schaffe ronn 100 Leit, 40 dovun an der Fuerschung an Entwécklung. Et wier ee spezialiséiert op Infektiounskrankheeten, esou de Gerant Thorsten Preiss. Schonn am Januar hätt een ugefaangen, e sougenannte PCR-Test ze entwéckelen, fir de Coronavirus nozeweisen.
E Resultat géif bei dësem Test bannent 3 Stonne virleien, esou wier dëse méi séier wei aner Tester, déi um Marché sinn. Zwee Beräicher vum Genom kënnen nogewise ginn, esou datt och bei Mutatioun vum Virus den Test zouverlässeg wier, esou d' Projetsmanagerin fir Fuerschung an Entwécklung Dr. Eugenia Eckstein. Den Test gëtt och zu Esch produzéiert an ass den Ament fir Recherche-Zwecker um Marché ze kréien an ass och schonn zu Lëtzebuerg a Laboe genotzt ginn.
Zesumme mat der Mammegesellschaft Siemens Healthineers géif d'Lëtzebuerger Firma mat Héichdrock dru schaffen, fir och an anere Länner den Test disponibel ze maachen.

