RegierungsrotCovid-Tester fir d'Rentrée, Klima-Finanzement an Ofwaasser-Tax

RTL Lëtzebuerg
Am Regierungsrot gouf e Freideg de Covid-Test-Dispositif fir no der Rentrée ugeholl.

Detailer iwwert dësen Test-Programm ginn et awer keng vun der Regierung. Et heescht just, datt ee séier kéint mat dëse Mesuren handelen, wann d'Covid-Tendenzen nees sollten unzéien.

D'Ministere si sech och eens ginn iwwert d'national Strategie, wéi de viséierten, internationale Klima-Finanzement bis 2025 soll ausgesinn, Detailer ginn et e Méindeg.

Festgeluecht gouf och de Montant fir d'Ofwaasser-Tax, déi sech op 11 Cent op de Meterkibb beleeft.

PDF: D'Resultater vum Regierungsrot

Back to Top
CIM LOGO