Google, Biissen, BuergermeeschterCSV ass iwwerrascht a wëll endlech Kloerheet

RTL Lëtzebuerg
D’CSV reagéiert e Freideg a Saache Biissen. An engem Communiqué weist ee sech verwonnert driwwer, datt e Buergermeeschter stënterlech d'Säite wiesselt.

De Jos Schummer war jo nom Vott iwwer de Google-Terrain aus der CSV ausgetrueden, hat awer gesot, datt hien onofhängege Buergermeeschter bleiwe wëll.

Och d'CSV-Conseillère Cindy Barros huet d'Parteikaart ofginn.

Si hat zesumme mam CSV-Conseiller Christian Hoscheid bei der Ofstëmmung iwwer de PAG mat Nee gestëmmt an domat anescht ewéi déi eege Fraktioun.

Fir d'CSV wier et op alle Fall kloer, datt déi zwéin CSV-Schäffen Frank Clement a Carlo Mulbach och weider hir Responsabilitéiten an der Atert-Gemeng wäerten iwwerhuelen, keng néideg Entwécklunge wäerte blockéieren, sech allerdéngs och näischt vum Nach-Buergermeeschter Jos Schummer wäerten diktéiere loossen.

A punkto Google wéilt d'CSV endlech Kloerheet. De Buergermeeschter hätt jo lo mat enger Fraktioun ze dinn, déi no un der Regierung wier, da géing ee jo vläicht eppes gewuer ginn. Domat dierft d'Oppositiounsfraktioun "Är Leit" viséiert sinn.

Op Nofro hi gëtt vun der Fraktioun "Är Leit" e Säitewiessel vum Jos Schummer am Abléck dementéiert. Natierlech géingen et awer lo Gespréicher mam Jos Schummer an och mat der Cindy Barros ginn, fir zesummen no enger Léisung fir Biissen ze sichen.

Pressecommuniqué

D'CSV wëllt endlech Kloerheet

Droleg Entwécklung zu Biissen. E Buergermeeschter, dee bis viru kuerzem nach un der Spëtzt vun der lokaler CSV am Gemengerot stoung, wiesselt stënterlech d'Säit. Nodeem hien de Reklassement vun Terrainen en vue vun enger eventueller Usiidlung vu Google nach duerchgesat hat, verléisst en seng Fraktioun - ma wëllt Buergermeeschter bleiwen.

Fir d'CSV geet et elo souwuel zu Biissen ewéi am Dossier Google virun. Déi zwee Schäffen iwwerhuelen weider hir Responsabilitéit, déi si virun knapp zwee Joer vum Wieler kruten a wäerte keng néideg Entwécklungen am Gemengerot blockéieren. Déi loosse si sech allerdéngs net vum aktuelle Buergermeeschter diktéieren.

Zu Google gëllt nach ëmmer, wat schonn zënter Méint gëllt. D'CSV wëllt endlech Kloerheet zu all deene wichtege Froen, déi och déi Biisser Leit brennend intresséieren. De Nach-Buergermeeschter ass jo elo bei enger Fraktioun vu Leit, déi ganz no un der Regierung sinn. Vläicht soen déi him jo elo, wat d'Regierung dem Land net seet. Gutt wier awer, wa mir et endlech alleguer gewuer géifen.

Matgedeelt vum CSV-Generalsekretariat

Back to Top
CIM LOGO