Aner Parteien onsécher, ADR dogéintCSV, DP an déi Gréng positionéiere sech fir eng Impfflicht

Diana Hoffmann
D'Majoritéit vun de grousse Parteie schwätze sech bei der Pandemie-Situatioun, wéi se den Ament ass, fir eng Impfflicht zu Lëtzebuerg aus.

Domat ginn si op de Wee vu villen Experten, déi sech an de leschten Deeg a Wochen zu deem Sujet geäussert hunn. Trotzdeem bleiwe verschidde Volleksvertrieder virsiichteg a wëllen den Debat ofwaarden, fir d’Decisioun ze huelen, déi zu deem Moment ubruecht ass.

Als éischt Partei hat sech d’CSV schonn um Enn vum Joer zu enger allgemenger Impfflicht positionéiert. D’Fraktiounspresidentin Martine Hansen huet e Freideg de Moien als Invité vun der Redaktioun erkläert, wisou déi Decisioun geholl ginn ass: “D’Leit hunn es sat. D’Leit wëllen erëm hiert normaalt Liewen zréck. An da muss ee sech froen, wéi geet et. An do seet d’Wëssenschaft eis ganz kloer: Ma dat geet nëmmen duerch d’Impfen. An eisen Impftaux, dee mir hei zu Lëtzebuerg hunn, ass definitiv esou schlecht, datt mer ni bei eng Häerdenimmunitéit esou kommen. An dofir hu mer eis virun der Chrëschtvakanz scho ganz kloer fir eng allgemeng Impfflicht ausgeschwat.”

Eng allgemeng Impfflicht ass och de Wee, deen d’DP an déi Gréng elo aschloen. Den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum seet, et wier ee frou iwwert den ugekënnegten Debat an der Chamber, vill Modalitéite vun der Aféierung bis zu de Sanktioune missten nach gekläert ginn.

De Gilles Baum: “Opgrond vun der aktueller Situatioun, schwätzt d’DP-Fraktioun sech prinzipiell fir d’Aféierung vun enger allgemenger Impfflicht aus fir Leit iwwer 18 Joer. Impfe wierkt, dat hu mer gemierkt, a mer wëllen einfach erreechen, datt sou mann Leit wéi méiglech schwéier krank ginn oder um Covid stierwen, an dofir ass et eis wichteg, fir d’Impfquot nach eng Kéier eropzedrécken.”

Déi Decisioun, déi am Consultatiounsdebat, deen eventuell an der Woch vum 17. Januar gefouert gëtt, kéint falen, wier keng einfach. Mä wann een dee Wee géing goen, da misst dat esou preparéiert ginn, datt et d’Strooss hält.

Et misst ee sech permanent der Situatioun upassen, seet d’Fraktiounspresidentin vun déi Gréng, d’Josée Lorsché. Wéi d’Situatioun am Moment ausgesäit, wier hir Partei och fir eng Impfflicht.

Déi Gréng: “Déi Debatt, soe mer, wann déi an 2 Woche kënnt, da muss een och wëssen, wat dann dee Moment de Stand ass. De Moment soen déi meescht natierlech, datt d’Impfflicht wierklech wichteg ass. An 2 Woche muss een dee Beweis och nach hunn, vue datt d’Omikron-Variant awer fir gewëssen Iwwerraschunge suergt. D’Zuelen explodéieren. Op där aner Säit ass de Verlaf manner dramatesch a mir mussen eis wierklech kënnen drop verloossen, datt d’Impfung och bei der Omikron-Variant hëlleft.”

D’Regierung misst op den Dësch leeën, datt eng Impfflicht och wierklech faktesch néideg ass. D’CSV, d’DP a Gréng si sech dann eens, datt d’Impfflicht wa se kënnt, eréischt soll vun 18 Joer u sinn an zäitlech limitéiert. Iwwert d’Sanktiounen, a Form vu Geldstrofen, misst nach diskutéiert ginn. Och wéi een an der Fro vun der Impfflicht wëll mat Frontalieren ëmgoen.

Bei de Piraten ass een iwwerdeems nach ondecidéiert beim Sujet Impfflicht, déi Lénk si skeptesch a bei der ADR ass een dogéint. Och bei der LSAP ass een nach net festgeluecht. De Fraktiounspresident vun der LSAP, den Yves Cruchten, wollt nach keng Positioun huelen. Just esouvill soen, datt bei der LSAP d’nächst Woch soll eng Decisioun falen.

Back to Top
CIM LOGO