"Mir lafen der Situatioun ëmmer hannendrun"
E Freideg de Moie war d'Fraktiounscheffin vun der CSV eis Invitée vun der Redaktioun.
Et ass scho fir eis schwéier, den Iwwerbléck ze behalen. Dann ass et fir den einfache Bierger bal onméiglech, fir en ze behalen. Dat sot d'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen um Freideg de Moien, si war eis Invitée vun der Redaktioun.
Datt nees Ännerungen um Covid-Gesetz néideg wären, wier op d’navigation à vue vun der Regierung zeréckzeféieren. Et wier ni mëttel- a laangfristeg geplangt ginn. Et géif een der Saach ëmmer hannendru lafen an onnéideg Hetz maachen.
Déi elo geplangte Changementer wären net op eng nei Situatioun zeréckzeféieren, mä et wären éischter Verbesserunge vun deem, wat virdrun decidéiert gouf. D’Ännerunge géifen och net hëllefen, fir d’Zuelen ze drécken.
"D’Kontroll vun der Situatioun ass net méi onbedéngt do", sot d’Martine Hansen, "well kee Plang do ass".
Wat Verkierzung vun der Isolatiounszäit ugeet: Dat wier ekonomesch ze verstoen. Wëssenschaftlech wier et awer net begrënnt ginn. Bei den Tester géif een en Zickzack-Cours fueren. Lo géif Regierung d'Schnelltester nees zeréck entdecken, déi virdru verdäiwelt gi wieren. Méi gratis Schnelltester fir d’Leit wären och néideg. D’Laboe gi jo iwwerrannt mat de PCR-Tester. Dat misst verbessert ginn, mä amplaz hätt een zeréckgeschrauft. Et wär jo Personal do gewiescht, fir d’Large-Scale-Tester. Wou wär dat Personal hin?, freet d’CSV-Fraktiounscheffin.
D’CSV ass och kloer fir eng generell Impfflicht. D'Impfung wier déi eenzeg Léisung fir eraus aus der Kris. D’Leit hätten es sat. Si wéilten hiert normaalt Liewen zeréck. D'Wëssenschaft géif soen, dat geet just mat enger allgemenger Impfflicht. Déi dierft just fir déi Erwuesse gëllen, misst zäitlech begrenzt sinn an d'Leit sollen de Choix vum Vaccin hunn. Fir déi, déi sech net kéinten impfe loossen, misst et och méi kloer Reegele ginn.
D’Situatioun an de Schoule war e weidere Sujet am Gespréich. Och hei hätt ee misse besser plangen, mengt déi fréier Lycéesdirektesch. D’Kanner, déi sech net kéinten impfe loossen an dowéinst dacks a Quarantän wären, missten och vun doheem aus kënnen um Unterrecht deel huelen. D’CSV-Fraktiounscheffin freet och méi kloer Reegelen, wéini Homeschooling géif oder misst agefouert ginn, fir datt ee sech besser kéint preparéieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.