No engem politesch fir si net ganz einfache Joer 2023 hunn déi Lénk en Donneschdeg op hirem Neijoerschpatt 2024 agelaut. Dobäi huet déi klengsten Oppositiounspartei aus der Chamber net mat Kritik un der neier CSV-DP-Koalitioun gespuert.
Sozial Keelt vun neier Regierung
Sou huet de Parteispriecher Gary Diderich virun enger Regierung vun der sozialer Keelt gewarnt.
“Eng Regierung, déi keen Häerz huet fir déi vulnerabelst Leit. An dat wäert sech och an deene grousse Chantieren äusseren. Am Logement, do wäerte Steiercadeauen un Investisseure verdeelt ginn, awer bei de Leit wäert näischt ukommen. Am Klima gëtt dovunner geschwat, datt dat net dat wichtegst Thema ass an datt anerer Virrang hunn. Et ass awer do, wou d’Zäit eis fortleeft. An am soziale Beräich, do gëtt och méi no de Betriber gekuckt wéi no de Leit.”
Beim Logement an de Steieren: Et gëtt Politik fir d’Clientèle bedriwwen, sou d’Kritik
Wat een an den éischte Wochen a Méint gesinn hätt vun der neier Regierung, wier, dass ee keen Häerz hätt fir déi vulnerabelst Leit. Dat wäert sech och an deene grousse Schantercher weisen. Am Logement wäerte Steierkaddoen un Investisseure verdeelt ginn, ma bei de Leit wäert näischt ukommen, esou de Parteispriecher vun déi Lénk op hirem Neijoerschpatt um Donneschdeg den Owend.
De Klimasujet géif no hanne geréckelt ginn an am soziale Beräich géif méi no de Betriber gekuckt ginn, wéi no de Leit, déi ënnert dem Kafkraaftverloscht, den Energie- an de Logementspräisser leiden. Do misst eng aner Politik kommen, esou d’Fuerderung vun déi Lénk.
Jonk Lénk staark relancéiert
Frou ass de Gary Diederich iwwert den Interessi an den Engagement, deen och d’Jugend nees bei senger Partei weist. Do géif et engem “waarm ëm d’Häerz ginn”. Net just beim Heescheverbuet, ma och bei de Streiken d’lescht Joer wieren déi Jonk Lénk ganz aktiv mat um Terrain ënnerwee gewiescht, wat engem Hoffnung géif maachen.
En Vue vun den Europawalen
“Et däerf een d’Leit net eleng an der Keelt vun der liberaler Politik stoe loossen, well dann drifte se of no riets. Déi lénk Politik muss weisen, dass een zesumme kann halen, an d’Leit dobäi eppes ze gewannen hunn, fir zesummen ze stoen”, esou de Gary Diederich am RTL-Interview.