
Mat 31 Nee- an 29 Jo-Stëmme gouf en Donneschdeg de Moien an der Chamber decidéiert, dass et keng Spezialkommissioun fir den Dateschutz wäert ginn, déi sech virun allem op d'Datebanke bei der Police konzentréiert hätt. D'Oppositioun hat esou eng Spezialkommissioun gefrot, d'Majoritéit war dogéint.
Konsens gouf et allerdéngs bei der Fro, fir d'Chamberkommissiounen an Zukunft prinzipiell ëffentlech ze maachen. Et koum nach net zu engem Vott iwwer dës Propositioun vun der CSV, well d'Majoritéitsparteie proposéiert hunn, d'éischt de Chamberbüro ze froen, wéi dat technesch ëmgesat ka ginn. Alleguer d'Parteien hu sech awer fir ëffentlech Kommissiounssëtzungen ausgeschwat.
D'Affär Gaardenhaischen war och ee Sujet am Chamberplenum. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet an deem Kontext eng Deklaratioun gemaach.
Den Ëmweltministère evakuéiert 20 Prozent vun den Dossiere fir Autorisatiounen a manner wéi engem Mount, also an engem ähnlechen Zäitraum wéi déi vum Roberto Traversini. Dat sot d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg en Donneschdeg de Moien an der Chamber. Dem fréieren Déifferdenger Buergermeeschter a Parteikolleg vun der Ministesch seng Demande wier net op eng favoriséiert Aart a Weis traitéiert ginn.

Iwwert déi legal Basis vun der Demande géifen et nach ëmmer Meenungsverschiddenheeten tëscht dem Ministère an der Oppositioun an der Chamber ginn - do misst dann dat zoustännegt Geriicht tranchéieren. D'Ministesch huet iwwerdeems betount, datt Recourse géint Autorisatiounen näischt Aussergewéinleches wieren.
De CSV-Député-Maire Michel Wolter bleift der Meenung, datt d’Interpretatioun vum Gesetz, déi d’Ministesch presentéiert huet, falsch ass an datt d’Autorisatioun illegal ass. Hie schwätzt iwwerdeems vu kontradiktoreschen Aussoe vun der Ëmweltministesch an hire Beamten.
Dofir géing ech Iech bieden, selwer ze agéieren. An déi selwecht Konsequenzen ze zéien, wéi Äre Parteikolleg dat gemaach huet. Am Interêt vun der Credibilitéit vun der Politik. Deen heiten Dossier, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, dee betrëfft all Bierger a senger Relatioun mam Staat.
Den CSV-Deputéierten huet och net verstanen, datt de Fierschter déi ëmfangräich Aarbechten um Terrain vum Roberto Traversini fir déi et keng Geneemegung gouf, net denoncéiert huet.
De Michel Wolter huet vu Fotoe geschwat, déi géife beweisen, datt de Roberto Traversini weider u sengem Gaardenhaische geschafft huet, nodeems de Fieschter en drop opmierksam gemaach huet, datt en eng Autorisatioun gebraucht hätt. Dës géif hien en Donneschdeg de Mëtten un de Parquet weiderginn.