
Bei den Europawalen den 9. Juni wëll d’CSV deen drëtte Sëtz erëmkréien, dee se viru 5 Joer un d’DP verluer hat.
Et wier ee sech bewosst, datt dat net einfach géif, mä et wéilt een awer dorop hischaffen. Dat sot den CSV-Deputéierten an designéierten EU-Kommissär Christophe Hansen. Hie steet zesumme mat der Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima un der Spëtzt vun der CSV Europalëscht.
Déi Lëscht krut e Mëttwoch den Owend gréng Luucht vum Nationalcomité an Nationalrot a gouf duerno der Ëffentlechkeet virgestallt.
Ugefouert gëtt d’Lëscht vum Duo Wiseler-Hansen.
De Christophe Hansen war 2019 mat knapp 63.000 Stëmmen national gesinn deen Zweetbeschtgewielten a sëtzt aktuell an der Chamber. Hien ass proposéiert fir de Poste vum EU-Kommissär.
Déi 62 Joer al Isabel Wiseler-Lima ass aktuell am Europaparlament a geet also nach emol als Co-Spëtzekandidatin mat an d’Course, dat nieft der 29 Joer aler Martine Kemp, déi fir de Christophe Hansen an d’Europaparlament nogeréckelt war.
Nieft dësen dräi bekannten Nimm sinn dann dräi nei Gesiichter an zum Deel Polit-Newcomer op der CSV-Lëscht:
2019 koum d’CSV mat hirer EU-Lëscht op 21% vun de Stëmmen, sou datt d’Partei zanterhier zwee Deputéiert stellt. Kuckt hei d’Resultater vun den Europawalen 2019.

E Mëttwoch krut net just d’Lëscht mat de Kandidate gréng Luucht, mä et gouf och am Detail iwwert Walprogramm diskutéiert.
Dodra ginn et 12 grouss Prioritéiten, eng dovunner ass de Friddensprojet, op deem d’EU baséiert.
“D’Ukrain ass fir eis e ganz ganz grousse Punkt. Mir wëllen un der Säit vun der Ukrain stoen, sou laang wéi dat néideg ass. Soulaang wéi se eis brauch. Bis datt se déi Fräiheet, déi se wëll, an esou liewe kann, wéi mir se liewen, [zeréck huet]. Dobäi gesi mer, datt d’Sécherheet an Europa en immens zentrale Punkt ass a muss sinn. Mir hunn net déi Autonomie, déi mer bréichten”, erkläert d’Isabelle Wiseler-Lima.
Dowéinst ass déi europäesch Verdeedegung en anere wichtege Punkt am Walprogramm vun der CSV, d’Rechtsstaatlechkeet misst weiderhin eng grouss Roll spillen an och d’Nohaltegkeet gehéiert zu de Prioritéiten. De Christophe Hansen ënnersträicht, datt ee kloer zum Paräisser Klimaofkommes steet, mä och zum europäeschen Green Deal.
Donieft soll déi digital Transformatioun viru gedriwwe ginn an dat soziaalt Europa. “Mir musse kucken, datt mer d’Schéier tëschent aarm a räich net nëmmen hei am Land beienee kréien, mä och tëschent de Memberstaaten”, esou de Christophe Hansen. “Dat ass ganz ganz wichteg, well et ass och dee soziale Fridden, dee fir eis wichteg ass, fir datt d’Europäesch Unioun och dobaussen acceptéiert gëtt an dat soll eng vun de ganz groussen Ambitioune sinn.”
Dat sinn also e puer vun de Prioritéiten aus dem CSV-Walprogramm fir den 9. Juni. Verëffentlecht ass en nach net. Et goufen nach eng Rei Ännerungen festgehalen, déi elo nach afléisse gelooss ginn.