SpritpräisserCSV fuerdert Verlängerung vum Tankrabatt, Marc Spautz nennt se eng Noutléisung

RTL Lëtzebuerg
Den Tankrabatt vu 7,5 Cent de Liter leeft nächst Woch of. D'CSV fuerdert, dass den Tankrabatt verlängert gëtt, "elo".
© AFP Archiv

“Oder sollen d’Leit geschwënn op Lonkesch tanke fueren?”, huet d’Oppositiounspartei op Twitter gefrot.

De Marc Spautz gëtt allerdéngs zou, datt déi Verlängerung éischter eng Noutléisung ass.

Marc Spautz: “Also ech si ganz perséinlech och kee grousse Frënd vum Tankrabatt, mee et ass jo awer net sou, wéi wa kee Mënsch gewosst hätt, datt dat den 31. August géing ophalen. Ech verstinn net, firwat d’Regierung net mat neie Propose komm ass. Déi Gréng hu schonn bei der Verlängerung ëm ee Mount gesot, si wieren net waarm derfir an hätte léiwer aner Léisungen. Den Här Bausch huet lo eng Léisung ugedeit, mee ech verstinn net firwat se dann net scho mat där komm sinn. Wa mir lo den 1. September guer näischt méi maachen, dann ass dat net gutt fir d’Staatskeess an et ass och net gutt fir déi Leit, déi op den Auto ugewise sinn.”

Och d’ADR ass fir den Tankrabatt, well se zum Tanktourismus an den entspriechende Recettë fir de Staat steet.

Den LSAP-Deputéierte Carlo Weber sot op Nofro hin, seng Partei géing d’Iddi vun engem gestaffelten Energiegeld, sou wéi de grénge Vizepremier François Bausch e Mëttwoch hei op RTL ausgedréckt huet, ënnerstëtzen.

Den DP-Deputéierte Max Hahn sot ons, seng Partei wier fir méi cibléiert Hëllef amplaz vum Tankrabatt. Der Regierungs-Majoritéit no geet et also a Richtung vu méi geziilte Mesuren. Et freet sech just, vu wéini un a wie mat wéi enger Zomm géing entlaascht ginn.

Och d’Oppositiounspartei, déi Lénk, fannen et op Twitter Zitat “flott”, datt de grénge Vizepremier d’Fuerderung vun déi Lénk elo ënnerstëtzt.

Och d’Piraten hunn den Tankrabatt kritiséiert. Kritiker no profitéiere virun allem Leit mat décken Autoe vum Rabatt. Dem Statec no fueren och Leit mat niddrege Revenuen manner Auto ewéi Leit mat méi héije Revenuen.

Back to Top
CIM LOGO