
Am Hierscht ass jo dem Statec no mat enger weiderer Indextranche ze rechnen. Den Decisiounen no der Tripartite vun Enn Mäerz no, misst déi theoretesch op den Abrëll 2024 verréckelt ginn, well jo net méi ewéi eng Indextranche bannent 12 Méint soll ausbezuelt ginn. Am Abrëll d’nächst Joer gëtt jo egal wéi d’Indextranche vun dësem Juli, déi scho verréckelt gouf, ausbezuelt. Wéi ausgemaach soll awer och eng weider Tripartite aberuff ginn.
Am RTL-Interview huet de grénge Vizepremier a Mobilitéitsminister François Bausch deklaréiert, datt den Index misst bestoe bleiwen, mä gläichzäiteg Employeuren net solle musse puer Tranchë mateneen ausbezuelen. Dat wier eben d’Erausfuerderung bei den Diskussioune mat de Sozialpartner: engersäits den Inflatiounsausgläich garantéieren an op der anerer Säit an engem Zäitraum vun engem oder annerhallwem Joer “domadder Eens” ze ginn.
Et géing “Pisten” ginn, ma wéi eng sinn dat? Eng Pist ass d’Indextranche vu Juli, déi elo op den Abrëll d’nächst Joer verréckelt gouf, dann auszebezuelen, wann déi nächst elo am Hierscht oder Wanter erfält. Déi Tranche, vun Enn vum Joer, géing dann zum Beispill am Abrëll d’nächst Joer also Abrëll 2023 ausbezuelt ginn. Oder d’Indextranchë ginn awer bësse méi gestreckt, mee manner ewéi elo am Gesetz virgesinn ass: da géing d’Indextranche vu Juli, wéi am Mäerz decidéiert gouf, am Abrëll d’nächst ausbezuelt ginn an déi vun Enn vum Joer, géing dann net bis op den Abrëll 2024 verréckelt ginn, mee op e puer Méint no der Tranche vun Abrëll 2023.
D’Gefor, déi déi méi héisch Inflatioun ewéi erwaart mat sech bruecht huet, ass déi, datt wéinst dem Tripartite-Gesetz vun Enn Mäerz, e puer Indextranchen iergendwann no 2023 missten ausbezuelt ginn. Egal wéi schéngt kloer: d’Tripartitegesetz vun Enn Mäerz wäert mussen iwwerschafft ginn.
Wat den Tankrabatt ugeet, bleift de grénge Vize- a Mobilitéitsminister der Meenung, datt dee sozial ongerecht ass, well besonnesch Leit mat décken Autoen dovunner profitéieren. De François Bausch plädéiert, rëm a sengem perséinleche Numm dofir, datt en Energiescheck soll agefouert ginn, dee wéi d’Steierkreditter, jee no Akommes d’Leit finanziell entlaaschte géing
Nom Interview drop higewisen, datt d’Quintillen (d’Opdeelung vun de Gehälter a 5 Kategorien) net all de Revenue Rechnung droen, war de François Bausch averstanen, datt de Statec déi Quintillen nei misst berechnen. De Statec-Direkter hat am RTL-Interview am Juli confirméiert, datt bei der Berechnung vun de Quintillen net all d’Revenuen, wéi zum Beispill déi vu Loyeren oder Aktien net mat dra sinn.
Wéi an der Note de Conjonture am Juni steet, wieren all d’Revenuen berécksiichtegt ginn, mee Kapitalerträg wieren zanter 2019 net aktualiséiert ginn. Et bleift awer esou, datt an de verschiddene Gehälterkategorien et nach vill Ënnerscheeder ka ginn, wat d’Zesummesetzung a Gewunnechte vun de Stéit ugeet.
Dëse Paragraph gouf a senger ursprénglecher Versioun ofgeännert, well et duerch d’Ausso vum Serge Allegrezza am Juli zu engem Mëssel kéint kommen.
Am Zesummenhang mat der Tripartite am Aviatiounsecteur dann, déi de François Bausch fir de 26. September aberuff huet, do huet de Minister ugedeit, datt doriwwer wäert diskutéiert gi fir de Chômage partiel – d’Kuerzaarbecht – bei der Luxair net méi virunzeféieren. Wéinst der Covid-Pandemie hat d’Fluchgesellschaft den Akkord kritt, fir en Deel vun de Salariéeë méi kuerz schaffen ze loossen oder ze detachéieren. Wéinst der Surcharge un Aarbecht bei der Luxair hunn d’Gewerkschaften Alarm geschloen. En Donneschdeg ass, op Demande vun der CSV, och eng Sitzung an der zoustänneger Chamberkommissioun.
De François Bausch huet verséchert, hie géing fir d’Luxair kämpfen. D’Gesellschaft hätt eng Zukunft, och wann d’ganz Branche virun enorme Verännerunge géing stoen.