ChamberkommissiounCSV huet Dieschbourg vill Froe gestallt, LSAP huet kee Favoritismus gesinn

Fanny Kinsch
An nees huet dës Reunioun däitlech méi laang gedauert, wéi se u sech geplangt war.
Ëmweltkommissioun iwwert d'Affär Gaardenhaischen
Hat déi éischt virgëschter 45 Minutte méi laang gedauert wéi virgesinn, gouf am fréien Owend souguer 70 Minutten iwwerzunn.

D'Ministesch, déi seet, si hätt net intervenéiert, an den adr-Vertrieder, dee seet, de Verdacht wär net aus der Welt geraumt ginn, dass Saache geschitt sinn, déi an engem Rechtsstaat keng Plaz hunn: Sou goungen d'Meenungen en Donneschdeg den Owend no der zweeter extraer Sëtzung vun der Ëmweltkommissioun vun der Chamber zur Affär Gaardenhaischen auseneen.

Chamberkommissioun / Reportage Eric Ewald

Genee wéi déi éischt Spezialreunioun en Dënschden ass och déi um Donneschdeg an d'Verlängerung gaangen: No 45 Minutte virun 3 Deeg gouf et en Donneschdeg 70 Minutten op de geplangten Timing drop. Woubäi een op Ministeschsäit, no der Perquisitioun vun e Mëttwoch, net vill Neies soe konnt, soudass d'Carole Dieschbourg a Saache Legalitéit vun der Autorisatioun op en Neits op d'Verwaltungsgeriicht verwisen huet. D'Ministesch huet awer och d'Ausso gemaach, dass si sech an deem Prozess zu kengem Ament agemëscht huet oder iergendeppes beaflosst hätt. Si hätt net mat Beamte geschwat, sot d'gréng Politikerin, déi keng Äntwert dozou konnt ginn, wat mat der Demande vum Roberto Traversini zum Ofrappe vum Gaardenhaische geschitt.

„Déi eenzeg Fro, déi interesséiert, ass: Koum et zu Favoritismus?“, huet den Alex Bodry gemengt an eng Äntwert dorop ginn.

Alex Bodry: Ech hu bis elo an deem heiten Dossier keen Element gesinn, wou giff drop hiweisen, dass d'Ministesch an iergendenger Form hei intervenéiert wär, fir eng Decisioun an engem gewësse Sënn ze erreechen.

Et wär awer méi geschitt wéi Renovatiounsaarbechten, sou den LSAP-Deputéierten, an zwar Aarbechten, déi net autoriséiert waren. Fir de Marc Goergen kann een nach net kloer soen, ob et zu Favoritismus koum oder net.

Marc Goergen:Eent ass kloer, d'Autorisatioune goufe schnell ausgestallt. Mä op der anerer Säit ass awer och kloer, dass d'Ministesch laut hirer Ausso, an dat gleewe mir, net agemëscht huet.

Dass et an ähnleche Fäll awer zu Refuse koum, géif e Bäigeschmaach loossen, huet de Vertrieder vun der Piratepartei ënnerstrach.

Ee vun den Onzefriddene war den David Wagner vun déi Lénk. No der Perquisitioun am Ëmweltministère wär bei ville Froen nämlech d'Enquêtëgeheimnis invoquéiert ginn.

Extrait David Wagner

D'Martine Hansen huet fonnt, dass sech vill hannert der lafender Enquête verstoppt gouf. Si huet och vun der Angscht geschwat, datt dat Gaardenhaischen op eemol ofgerappt ginn ass, éier dat ganzt iwwerhaapt viru Geriicht kënnt. Da géif een u sech ni déi Äntwerte kréien, déi ee géif brauchen, sou d'Martine Hansen.

D'CSV-Deputéiert hofft donieft, dass d'Ministesch bei all Demande sou gnädeg ass wéi bei där vum Roberto Traversini. Dem Fernand Kartheiser no war dës Reunioun net favorabel fir d'Ministesch. Et wären nämlech ë.a. Onkloerheeten an der Chronologie opgedaucht.

Fernand Kartheiser:Et schéint esou ze sinn, dass d'Autorisatioun vun der Ministesch eraus gaangen ass, ier all Avise virlouchen. Dat heescht, dass den Dossier och net komplett war.

Den adr-Vertrieder huet dofir den Androck, dass den Dossier net sou behandelt gouf, wéi ee sech dat kéint erwaarden.

Nächst Rendez-vousen an dëser Affär sinn eng Pressekonferenz, e Freideg am spéide Moien, vun der CSV, wahrscheinlech eng 3. extra Reunioun vun der Ëmweltkommissioun vun der Chamber, virun en Donneschden, an en Donneschden dann eng Erklärung vun der Ministesch am Parlament, mat Debatt dono.

D'Pressekonferenz e Freideg de Moie vun der CSV gëtt am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO