Finanz- a Budget-KommissiounCSV-Kritik u Gesetzprojet iwwer Informatiounsaustausch Rechnung gedroen

RTL Lëtzebuerg
An der Finanz- a Budgets-Kommissioun goung et ëm e Gesetzprojet, deen déi applikabel Prozeduren ofännert beim steierlechen Informatiouns-Austausch.

Dëst geet op d’Gesetz vu Mäerz 2010 zréck, dat steierlech Conventiounen an deem Domaine guttgeheescht huet. Et war deemools eng Reaktioun op Kritiken, déi vum Forum mondial iwwert d’Transparenz an den Austausch vu Renseignementer bei steierlechen Zwecker koumen.

De gesetzleche Kader gouf dunn awer am November 2014 ugepasst. Deemools gouf de sougenannte "Recours en annulation" erausgeholl. An zwar, fir et z'erlaben, dass Prozedure fir den Austausch vu steierleche Renseignementer op Demande kéinte beschleunegt ginn.

Et goung also eigentlech drëm, fir eng Acceleratioun an de Recours-Prozess ze bréngen. Dat andeems awer och d'Amende, déi een da kritt, wann ee refuséiert huet, Renseignementer ze ginn, begrenzt gouf.

Elo koum de sougenannten „Arrêt Berlioz“ vum Europäesche Geriichtshaff, dee kloer seet, dass déi viséiert Persoun zwou Recours-Méiglechkeete kann hunn. Souwuel de "Recours en réformation", wéi och de "Recours en annulation".

Domadder muss also elo enger Fuerderung vun der CSV Rechnung gedroe ginn, déi dat an der vireger Legislaturperiod schonns souwuel an der Kommissioun, wéi och am Plenum gefuerdert hat, wéi eis de Laurent Mosar am RTL-Interview gesot huet :

Mir kruten no 4 Joer Satisfaktioun. Mir hunn deemools souwuel an der Kommissioun, wéi och am Plenum kritiséiert, dass  an deem Gesetzprojet iwwert den Echange d’information sur demande kee Recours en annulation virgesi wier. D’Regierung wollt awer net mat op dee Wee goen. Elo kréien mer am Nachhinein Recht, well en Arrêt vun der europäescher Cours dozou komm ass, an d’Gesetz muss elo geännert ginn. Wann d’Regierung mol eng Kéier deemools der Oppositioun nogelauschtert hätt, hätt ee sech dat alles kënnen erspueren.

Den Informatiouns-Austausch, laanscht deen een also net kënnt, gëtt domadder als, souzesoen nees méi rechts-konform. Als Rapportrice vum Gesetzprojet gouf um Méindeg iwwregens d’DP-Deputéiert Joelle Elvinger genannt.

Back to Top
CIM LOGO