
Kuckt een am Detail, fënnt een awer déi eng oder aner Onstëmmegkeet. Keng vun de 4 Bezierkslëschte gouf eestëmmeg ugeholl. Ob Monnerech oder Tandel, net iwwerall ass een zefridden, ewéi d‘CSV-Lëschten zesummegestallt sinn.
Am Februar hat den Aly Kaes RTL géintiwwer gesot, hie géing d’Partei decidéiere loossen, ob hien nach emol soll mat an d’Wale geholl ginn oder net. Hie gouf effektiv net méi consideréiert an ass elo net frou.
„Déi concernéiert Persounen hätten mir net misse fléiwen, mä op mannst hätte mir kënnen e konstruktiivt Gespréich féieren, ier eng Decisioun geholl ginn ass.“
Nieft der Kommunikatioun bedauert den 68 Joer alen Aly Kaes och, dass hien Drock verspiert hat vun der Parteijugend. Ma 2018 hat hien ëmmerhi gutt 12.000 Stëmme kritt. De Marco Schank, deen och net méi matgeet, souguer 14.000. Eng Partei misst kucken, esou vill wéi méiglech Sëtz ze kréien, betount den Aly Kaes. Dann hätten och déi Jonk besser Chancen.
„Ech mengen, dass d‘Chance mat enger Kandidatur vu mir méi grouss gewiescht wär ewéi se lo ass, fir dee véierte Sëtz am Norden ze halen.“
Net nëmmen am Norden, bedauert den Aly Kaes, wär der CSV dat verluer gaangen, wat him sou um Häerz géif leien: dat Soziaalt.
„Ech soen net, dass et ganz fort ass, mä mir réckelen ëmmer méi wäit fort vun deem Sozialen. An dofir d‘Bezeechnung „d‘Partei vun de lacke Schong“, wat ëmmer méi dacks gesot gëtt, an zwar net nëmme vu mir.“
Hie géif net mordicus un engem politeschen Mandat festhalen, esou den Aly Kaes. Eng Offer vun de Piraten, fir bei hinne Spëtzekandidat am Norden ze ginn, hätt hien dankbar refuséiert. Well hien als Buergermeeschter sortant och kee Gemengerotsmandat zu Tandel huet, kann hien net méi President vum Ofwaassersyndikat SIDEN bleiwen.
Den Aly Kaes ass wéi et schéngt net deen Eenzegen, deen enttäuscht ass iwwer d‘Wallëschten a vun deenen, déi bei de Chrëschtlech-Sozialen d‘Strëppen zéien.
E Post vun der CSV-Sektioun Monnerech op der social media Plattform Facebook schwätzt eng kloer Sprooch. Zwar gouf um Konvent anonym iwwer d‘Wallëschten ofgestëmmt. Ma d‘Sektioun Monnerech hat en Stëmmziedel fotograféiert an online publizéiert: d‘Këscht virum Jo bleift eidel, an der vum Nee steet e Kräiz. Monnerech stéing fir Transparenz an Respekt stoung iwwer der Foto. Dofir gouf géint d‘Süd-Lëscht gestëmmt, esou gëtt suggeréiert. Antëscht ass d‘Foto vun der Plattform verschwonnen. Den Text steet nach do.

RTL huet mat diverse Memberen vun der Monnerecher Sektioun geschwat. Kee wollt en ëffentlechen Interview ginn. Unisono gouf awer d‘Kommunikatioun mat der Parteileedung kritiséiert. Esou wonnert ee sech, firwat mat der Nancy Arendt, dem Gabriel Di Letizia an dem demissionären SNPGL-President Pascal Riquier direkt dräi Persounen vu Monnerech kandidéieren dierfen, déi awer net am Comité vun der lokaler CSV-Sektioun sinn. A firwat zum Beispill d‘Gemengeconseillère Marianne Baustert-Berens net fir d‘Chamberwalen zeréckbehale gouf, oder fir d‘zweet an der Suite de Sektiounspresident Claude Clemes, deen och scho President vun de Chrëschtlech-Soziale Gemengeréit war.
RTL-Informatiounen no dierft CSV-Sektioun Monnerech dem Nationalcomité zäitno e Schreiwes zoukomme loossen, fir hir Onzefriddenheet an hiren Onversteesdemech matzedeelen.