Lëtzebuerg soll déi weltwäit éischt Adress fir gréng Finanze ginn. Dat ass d'Ambitioun vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar, deen e Méindeg de Moien eng entspriechend Gesetzpropositioun virgestallt huet. Als gréng Finanze ginn Investitiounen am Ëmwelt- oder Sozialberäich bezeechent. A fir dës z'ënnerstëtzen, soll d'Taxe d'abonnement op gréngen Investitiounsfonge vun 0,05 op 0,01 Prozent erofgesat ginn. Iwwert dee Wee wëll d'CSV déi Lëtzebuerger Finanzplaz nach méi attraktiv fir esou Fonge maachen a sech domat vun der Konkurrenz ofsetzen.
D'Regierung géif zwar vill doriwwer schwätzen, ma et géif näischt geschéien. Allerdéngs dierft een an deem Dossier keng Zäit verléieren an dofir géif een dann elo dës Propositioun deposéieren, esou de Laurent Mosar.
„De Finanzminister an dës Regierung hu jo eng ähnlech Initiativ an hirem Koalitiounsprogramm virgesinn. Dat heescht, ech mengen, dass mir eigentlech op där selwechter Linn leien. Just, wéi bei sou villen Initiative vun der Regierung, gëtt vill geschwat an et kënnt näischt. Mir hoffen, dass mir duerch dës Propositioun de loi och den Drock op d’Regierung verstäerken, dass endlech eppes geschitt. Well et geet haut dorëm, d’Weichen ze stellen. Et huet keen Zweck esou eng Propositioun eréischt an dräi véier Joer ze maachen. Mir mussen eis elo positionéieren. A wa mer wëlle „First Mover“ sinn, ass et wichteg, dass mer och no baussen weisen, dass Lëtzebuerg wëll d’Nummer 1 vun der Green Finance ginn.“
Iwwerdeems gesäit den Text vun der CSV och vir, dass eng Kommissioun fir nohalteg Finanzen op d'Bee gestallt géif, déi ënnert anerem de Finanzminister soll ënnerstëtzen, fir d'Finanzwelt zum Thema Nohaltegkeet ze sensibiliséieren. An där Kommissioun soll dann och ee Vertrieder vum Jugendministère sëtzen. Et hätt ee schliisslech bei de Manifestatioune vu „Youth for Climate“ gesinn, dass een deene Jonke misst onbedéngt méi Responsabilitéit ginn.