
Virun engem Mount hat den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden ugekënnegt, d’CSV géif d’TVA-Logement fir Investisseuren a Locatiounswunnengen nees op de super-reduzéierte Taux vun dräi Prozent erofsetzen, wa si an d’Regierung kéim. Antëscht huet hien déi nei Direktiv gelies, mat där 2022 d’TVA-Tauxen agefruer goufen. Datt deem esou ass, hat den Direkter vum Enregistrement, Romain Heinen, bei RTL erkläert.
Politesch Feeler vun der aktueller Koalitioun
De Luc Frieden versprécht weiderhin, datt d’CSV, emol an der Regierung, den Taux géing erofsetzen, nuancéiert säin Discours awer e wéineg. Respektiv, e wäicht aus a seet: “Datt et ee politesche Feeler vun der Gambia-Regierung war, fir déi TVA vun dräi Prozent ze hiewen.” An: “Hätt een dat nämlech net gemaach, dann hätt een 2021, wéi déi nei Direktiv komm ass, iwwerhaapt net dee Probleem do kritt. Well dann hätt Lëtzebuerg kënnen déi dräi Prozent weider halen.”
Ob dat wierklech ass, ass awer sécherlech Diskussiounssaach. De super-reduzéierten Taux um Logement fir all Keefer war Deel vun den Ausnamen, déi Lëtzebuerg virun iwwer 30 Joer verhandelt hat. Déi sollten awer, sou stoung et bis 2021 an den Direktiven, just applicabel bleiwen, bis en definitive Regime agefouert géif. Déi super-reduzéiert Lëtzebuerger TVA-Logement huet also riskéiert, ganz ofgeschaaft ze ginn, sief fir Investisseuren oder Leit, déi selwer an hir Wunneng plënneren.
Luc Frieden: Gambia huet schlecht negociéiert
De Luc Frieden mengt awer, déi blo-rout-gréng Regierung hätt e weidere politesche Feeler gemaach, bei de Verhandlunge fir déi nei TVA-Direktiv, “fir net eng Ausnam ze negociéieren. Well et si véier Länner, déi hu spezifesch Ausnamen an där Direktiv negociéiert”.
Dobäi huet och Lëtzebuerg duerchaus eng spezifesch Ausnam kritt. Allerdéngs muss ee gutt kucken, fir se am Text ze fannen, well net wéi bei deenen anere spezifesch “Lëtzebuerg” drop steet. Mee dobäi geet et eben ëm d’TVA-Logement fir Leit, déi sech hir eege Wunneng kafen. Am Artikel 105b steet nämlech, datt Länner, déi bis den 1. Januar e super-reduzéierte Logementstaux applizéiert hunn, dat weider kënne maachen. An dat och fir Logementer, déi net an de Kader vun der Sozialpolitik géife falen. Dat gëllt just fir Lëtzebuerg, well sosskeen EU-Land esou en Taux hat.
Wouwéinst gouf den Taux gehuewen?
Den CSV-Spëtzekandidat akzeptéiert doriwwer eraus d’Erklärung net, mat där den Taux op den 1. Januar 2015 ugehuewen gouf: “Déi TVA-Augmentatioun ass iwwregens net gemaach ginn, fir d’TVA aus dem Commerce électronique ze kompenséieren. Dofir huet d’Regierung och nach eng Steiererhéijung gemaach, nämlech d’TVA vu 15 op 17 Prozent gehéicht, dat war d’Äntwert dorobber. Och dat war eng Moossnam, déi ganz ville Leit Kafkraaft ewech geholl huet.”
Am Abrëll 2014 hat de Premier Xavier Bettel a senger éischter Ried zur Lag vun der Natioun “d’Damoklesschwäert vum E-Commerce” ugeschwat, “wat zanter aacht Joer - net gëschter, aacht Joer – iwwert dem Staatsbudget hänkt, (dat) fält d’nächst Joer an domadder feele ronn 800 Milliounen Euro”. Dofir hat hien effektiv ugekënnegt, datt de Reegeltaux vu 15 op 17 géing eropgesat ginn an d’Tëschentauxe vun 12 op 14 Prozent, respektiv vu sechs op aacht Prozent géing klammen. Den Taux super-réduit géif net geännert ginn, huet de Xavier Bettel erkläert. E géif onverännert bei dräi Prozent bleiwen. Mee: “Beim niddregen TVA-Taux am Logement huet d’Regierung awer e Changement decidéiert. Den Taux vun dräi Prozent wäert sech an Zukunft just op den Haaptwunnsëtz bezéien. Jiddwereen, deen eng Wunneng fir sech a seng Famill keeft oder renovéiert, profitéiert weider vun engem Taux super-réduit. Fir d’Acquisitioun oder d’Aarbechten un engem zweete Wunnsëtz oder engem Logement, dee soll verlount ginn, wäert den niddregen TVA-Taux awer net méi kënnen applizéiert ginn.” Et wier “sozial”, sot de Xavier Bettel deemools och, wann ee bewosst Familljen, déi sech hiert éischt Doheem géife leeschten, vun där Adaptatioun géif ausklameren. Iwwert déi Haussë sollten 350 Milliounen Euro zousätzlech TVA-Recetten erakommen. Dat goung also mol net duer, fir den Ausfall aus der TVA E-Commerce ze kompenséieren.
Den CSV-Fraktiounschef Jean-Claude Juncker sot deemools a senger Ried, d’CSV géing déi Mesure net gutt fannen. Et géif u Mietwunnenge feelen, an dës Hausse géing riskéieren, se nach méi deier ze maachen.
Et war awer och dee selwechte Jean-Claude Juncker, deen dat Joer virdrun nach a senger leschter Ried zur Lag vun der Natioun de Probleem vun der TVA E-Commerce ugeschwat a gesot hat, Lëtzebuerg wier dat eenzegt Land an Europa, datt seng Tauxen zanter 1993 agefruer hat. “Mä 2015 wäert de Moment komm sinn, fir se unzehiewen, awer ëmmer esou, datt mer déi niddregsten TVA-Sätz an Europa behalen.” Hien hat och iwwert d’Effikassitéit vun de finanziellen Hëllefen am Logement nogeduecht: “Hei gëtt et Aspuerméiglechkeeten, déi et fir d’Zukunft ze notze gëllt. (...) D’Bonification d’intérêt gëtt ofgeschaaft. En plus menge mer, datt eng méi staark Besteierung op de Plus-valuen, déi op den Terraine realiséiert ginn, ugesot ass”, esou de Jean-Claude Juncker. Wéi een Effet dat op d’Präisser hätt, huet hien net evoquéiert.
De Finanzminister Pierre Gramegna huet a senger Budgetsried am Oktober 2014 awer eng Zuel op de Käschtepunkt vun der TVA-Logement gesat a festgehalen: “Den aktuelle System vum generaliséierten Taux super-réduit am Logement huet kee positiven Effekt op d’Präisser gehat, mee de Staat säit 2002 iwwer 2,1 Milliarden Euro kascht.”
Ass Sozialpolitik d’Léisung?
An der Direktiv huet de Luc Frieden awer elo an der Annexe III entdeckt, datt fir Logementer am Kader vun der Sozialpolitik e reduzéierten Taux méiglech ass. “Déi Sozialpolitik gëtt definéiert vun de Memberstaaten”, esou de Luc Frieden. De Logement wier “dee gréisste sozialpolitesche Probleem zu Lëtzebuerg”, seet den CSV-Spëtzekandidat an zitt d’”Konklusioun: Et ass selbstverständlech méiglech, reduzéiert TVA Steiersätz fir spezifesch Moossnamen, notamment an der Sozialpolitik anzeféieren.” Vum Wuert “reduzéiert” hänkt hei zimmlech vill of. Well et ass richteg, datt d’Direktiv de reduzéierten Taux fir Logementer am Kader vun der Sozialpolitik erlaabt. Dee läit awer, Nuance, zu Lëtzebuerg bei fënnef Prozent, net bei dräi, wéi de Luc Frieden et am Fong versprach huet.
Datt et alles anescht ewéi selbstverständlech ass, datt d’Kommissioun esou eng pauschal Interpretatioun vun der Direktiv zouléisst, weist d’Beispill Zypern. D’Kommissioun huet Zypern nach de leschte Mount gedreet, virun d’Cour de Justice um Kierchbierg ze zéien, well Zypern de reduzéierten Taux vu fënnef Prozent op den éischten 200 m2 op Wunnengen an Haiser, déi fir den Eegebedarf kaf ginn, applizéiert. Ouni Limitatioune wéi d’Kommissioun kritiséiert, wat de Revenu, d’Fortune an déi ekonomesch Situatioun vun de Leit ugeet. Datt et och zu Zypern e Probleem mam Logement gëtt, huet kierzlech den Internationale Wärungsfong festgestallt an den Zypriote geroden, Mesuren ze huelen, fir d’Offer erop ze schrauwen.
Am Frankräich gëtt et beispillsweis och e reduzéierten TVA-Taux vun zéng Prozent fir privat Investisseuren. Déi mussen allerdéngs a prioritär designéierte Quartiere sinn an a Gebaier mat engem Mindestundeel u Sozialwunnengen.
Sollt eng zukünfteg Regierung op dee Wee wëlle goen, ka se deemno – ouni eng Mise en demeure vu Bréissel ze riskéieren – kaum de reduzéierte Taux op privat Locatiounswunnengen applizéieren, ouni Konditioune wéi d’Beschafenheet vun der Wunneng (mam Gesetz iwwert d’Aide à la pierre soll notamment en neie Cahier de charge fir abordabel Wunnenge gestëmmt ginn) oder vläicht d’Héischt vum Loyer, dee gefrot gëtt, festzeleeën. Wat de Rendement fir d’Investisseure warscheinlech éischter manner, wéi méi attraktiv géing maachen.
Kann een nei verhandelen?
De Luc Frieden ass och der Meenung, et kéint een d’Direktiv nei aushandelen an den Text ännere loossen, wann een der EU-Kommissioun an deenen anere Memberstaate géing erklären, datt “Lëtzebuerg e rise soziale Probleem am Logement” hätt. “D’Iddi also, datt ee seet, et kann een näischt änneren, ech hunn a mengem Liewen esou munch Direktive mat negociéiert.”
Dobäi ka Lëtzebuerg esou eng Negociatioun awer net einfach ufroen. D’Initiativrecht läit an der EU bei der Kommissioun. Dobäi kënnt, datt a Saache Fiskalitéit – och well Lëtzebuerg drop hält – Unanimitéit gëllt, also all Länner esou enger Ännerung missten zoustëmmen, déi alleguer keen esou e niddrege super-reduzéierten Taux hunn.
Verschreckt d’TVA-Logement d’Investisseuren?
De Luc Frieden wërft der blo-rout-grénger Regierung fir, datt d’Decisioun, fir d’TVA-Logement erop ze setzen, kontra-produktiv gewiescht wier. “Si hunn d’Investisseuren ofgeschreckt, andeems se dat gemaach hunn. Well d’Leit waren net méi interesséiert an de Wunnengsbau ze investéieren. An dofir brauch een eng Panoplie vu Moossnamen. Ech ënnersträichen dat. Dëst ass eng vu ville Moossnamen.”
Op d’Fro, ob déi méi héich Bankzënse kee Facteur wieren, wann d’Investisseuren decidéieren, ob se Mietwunnenge kafen, oder léiwer aner Finanzproduite kafen, äntwert de Luc Frieden: “Ech mengen dat net, well fréier waren d’Zënsen och méi héich. Mee et ass selbstverständlech, ee vu ville Facteuren. Mee de Stee bleift e gudden Investissement fir vill Lëtzebuerger.”
Zanter 2015 kann ee bei der Vente vun Appartementer en Etat Futur Achèvement (Vefa) wéinst den ënnerschiddlechen TVA-Tauxen novollzéien, ob d’Wunnenge kaaft ginn, fir ze verlounen. Dat Joer si 47 Prozent vun de neie Wunnengen vun Investisseure kaf ginn. An de Joren dono ass den Undeel erofgaange bis op 33,3 Prozent 2018 – woubäi d’Investisseuren awer Enn 2014 ganz vill Wunnenge kaaft haten, ier d’TVA geännert huet. 2019 ass den Undeel vu Wunnengen, déi fir Locatioun kaaft goufen, nees op 42,1 Prozent eropgaangen a louch 2020 nees bei 40,7 Prozent, wéi an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten a Mars di Bartolomeo kann noliesen. Doraus léisst sech schléissen, datt d’TVA-Augmentatioun d’Investisseuren net esou verschreckt huet, datt se näischt méi kaaft hätten.
De Statec erkläert a senger leschter Note de Conjoncture, datt d’Demande um Immobiliëmarché zeréck gaangen ass, well d’Zënsen op den Hypothéikekreditter erop gaange sinn an d’Banken hir Konditioune verschäerft hunn. Doduerch ass et fir Privatleit méi schwiereg ginn, e Prêt ze kréien, heescht et an der Note de Conjoncture. “En parallèle, la hausse des taux d’intérêt favorise le rendement de certains placements alternatifs, de sorte que ces derniers gagnent en attractivité par rapport à l’investissement dans la pierre.”
Den Observatoire du Logement schreift sengersäits a senger Analys vum Immobiliëmarché vun Enn Juni, datt de Marché vun den neien Appartementer zanter Mëtt 2022 wierklech agebrach ass. Déi Baisse wier op méi Facteuren zeréckzeféieren: “1. Une baisse de l’attrait des investisseurs locatifs du fait de la hausse des taux d’intérêt (qui rend l’investissement immobilier plus onéreux, et dans le même temps certains placements alternatifs relativement plus rémunérateurs.) (…)” Dobäi kéimen déi héich Zënsen op de Prête fir Privatleit, déi hir eege Wunneng wëlle kafen, mee och d’Onsécherheet iwwert d’Evolutioun vun de Baupräisser, déi indexéiert sinn an dofiren cours de route vun engem Projet kënne changéieren. Dowéinst hätte vill Promoteure schonn hir Tarifikatioun geännert, fir de Keefer méi Sécherheet iwwert den definitive Präis ze ginn.
Den Observatoire du Logement hat 2015 och schonn emol den Impakt vun der TVA-Hausse op d’Präisser fir d’Investisseuren analyséiert a war zur Konklusioun komm, datt se am éischten Trimester 2015 ëm 2,2 Prozent geklomme waren am Verglach mam Trimester virdrun.