An der Villa Louvigny gouf mat "RTL Lëtzebuerg" als éischte kommerzielle Sender an Europa Mediegeschicht geschriwwen. Dat faszinéiert d'Leit. Dowéinst huet d'Expo "Ghosts of the Villa" an der Villa Louvigny grousse Succès. Dat seet d'Dr. Dominique Santana vum Zentrum fir zäitgenëssesch an digital Geschicht vun der Uni Lëtzebuerg. Si war e Méindeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun a si huet déi immersiv Ausstellung “Ghosts of the Villa" mat konzipéiert.
Am Ufank vum 20. Joerhonnert gouf de Radio "domestikéiert", ëmmer méi Leit haten een an der Stuff an et gouf zum Massemedium. Dat hunn d'Politik an d'Regierungen deemools erkannt a wollten et fir sech notzen, fir d'Leit "tatsächlech ze influenzéieren", erkläert d'Dominique Santana. Dofir wieren d'Sender verstaatlecht ginn, also ëffentlech-rechtlech, wéi zum Beispill d'BBC an England. A Frankräich goufen kommerziell-privat Senderen carrement verbueden.
Lëtzebuerg huet awer engem private Sender eng Lizenz ginn. Eng absolut Ausnam an der Medielandschaft an den 20er, 30er Joren. An déi hunn natierlech dat gespillt, wat d'Leit héiere wollten. Zum Beispill d'Beatles, déi op der BBC net gelaf sinn, duerften awer hei gesent ginn. Dat huet natierlech zu ëmmer méi Auditeure gefouert. Et war e Business-Modell. De Radio ass op eemol einfach zu engem dagdeegleche Compagnon ginn, deen "d'Leit einfach duerch d'Liewe begleet".
Radio Lëtzebuerg hat och e Monopol bis 1991 fir déi Lizenz ze notzen, mee huet net just am Grand-Duché gesent, mee wäit iwwer d'Grenzen eraus. An den 20er, 30er Joren "do war et an Däitschland net méiglech, landeswäit ze senden an hei dëst Ländchen huet bis an England gesent oder bis an Osteuropa gesent an dat war eng Revolutioun." D'Speakeren oder d'Disc Jockeys vu Radio Lëtzebuerg waren deemools dat, wat d'Influencer haut sinn. "Disc Jockeys, déi e bësse wéi Rockstare waren, déi och op Tour gaange sinn an esou. [...] An déi waren net nëmmen hannert de Mikroen, mee si haten och souguer Magasinnen, wou se sech selwer promote hunn." De Radio huet natierlech och d'Konsumgesellschaft weider gedriwwen, erkläert d'Chercheuse. Um Radio gouf nämlech net just Musek gespillt, mee och mat Jingle Produite verkaaft. "Dat geschitt och haut mat den Influencer op Social Media."
D'Expo "Ghosts of the Villa" stellt d'Villa Louvigny an den Zentrum vun der Geschicht. Do kann een Interviewen entdecken am Auditoire mat bekannte Perséinlechkeeten wéi dem Pilo Fonck, dem Frank Elstner, dem Désirée Nosbusch oder dem Tony Prince. "D'Leit ginn do ran, kréie Kopfhörer ugedoen an da fänken d'Wänn un mat schwätzen, sou ze soen. Dowéinst heescht et och Ghosts of the Villa, well dat wär wierklech eng Rees an déi Klangwelt vu Radio Lëtzebuerg an deen Universum vun deem staarke Medium, deen dat 20. Joerhonnert immens gepräägt huet."
D'Expo ass just een Deel vun engem gréissere Projet, dee vun der Uni Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat Samsafilm an dem CNA geleet gëtt. Donieft kann een um Site radio.lu an den nächsten 12 Méint vill Contenu entdecken, dorënner och eng Podcast-Serie. An et géing een iwwerleeën, wéi een dës Expo kéint "On Tour" bréngen. D'nächst Joer soll zousätzlech nach een Documentaire rauskommen.
Ee perséinlechen Highlight fir d'Dominique Santana sinn d'Bréiwer, déi een am Kader vun der Recherche konnt erfaassen. "A mir hu Bréiwer fonnt, zum Beispill am Bundesarchiv zu Berlin, déi confisquéiert goufe vun der Stasi, well et an der DDR zum Beispill verbuede war, Radio Lëtzebuerg ze lauschteren am Kale Krich. An dat si Bréiwer vun Teenager, vun dräizéng Järegen, déi da just wollte Musek lauschteren a Radio lauschteren, an déi goufen dann iwwerwaacht." Wann d'Schoulklassen déi laanscht kommen, dat gesinn, da wiere se deels ganz iwwerrascht, dass Jonker fréier hir Fräiheet riskéiert hunn, just fir kënne Pop-Musek ze lauschteren, erkläert d'Dominique Santana.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.